- dnash43
All gudd Saache sinn dräi
Updated: Dec 8, 2022

Fir eng Recherche waren d’Nationalitéiten a Gruppe vun dräi Männer an enger Fra opgedeelt.
No véier Woche gouf nogefrot.
D’Fransousen haten e Menage à trois forméiert a waren zefridden.
Een Italieener hat den aneren Italiener wéinst elauter Jalousie erschoss.
D’Englänner haten net matenee geschwat : keen hat si virgestallt.
D’Iren hate Whisky gebrannt a waren ëmmer voll.
D’Chineesen haten e Restaurant opgemaach.
D’Chineesin war schwanger.
Déi zwee Amerikaner ware Rednecks an haten ëmmer MAGA Kapen un.
D’Amerikanerin hat déi dräi Afrikaner erschoss.
D’ Supreme Court hat si fräigesprach well d’Afrikaner op hirem Parkplaz stoongen.
D’Lëtzebuerger haten eng Fiduciaire mat Büroen op de Cayman Islands a Panama opgemaach.
D’Belsch waren néierewou ze fannen.
Dennis 04/12/22