• dnash43

Domm wéi Brout

Updated: Jul 28


Lescht Woch gounge mir an Frankräich fir en Hond sichen ze goen.

Mëttwoch si mir 630 Kilometer vun Eschdorf op Alençon iwwer Rouen gefuer.

Donneschdeg hu mir den Hond kenne geléiert.

Freideg hu mir eis Wallis gepak a géint 08.30 Auer si mir lass gefuer.

Géint 10.30 Auer hate mir 230 Km hannert eis an et war Zäit fir eng Kaffispaus.

Fir d’éischt hu mir d’Hënn aus dem Won gelooss.

Mä mir haten nëmmen 2 Muppen amplaz vun 3!

Wou ass de kleng Dackel?


O Mamm O Kanner, mir haten den Dackel am Hotel vergiess!

Mir hunn dem Hotel direkt telefonéiert.

Jo, kee Stress, den Dackel schléift nach um Bett!

Esou si mir d‘Kéier gemaach an hunn 230 Km zeréck gefuer.

Derno si mir 630 Km op Eschduerf gefuer an dann no bal 1.100 Km ware mir doheem.

Wéi ass et méiglech en Hond am Hotel ze vergiessen?

Et muss een just domm wéi Brout sinn!


Dennis 24 Juli 2020

4 views