• dnash43

E Bessen Iwwer Mech



E Bëssen Iwwer Mech:


Ech si Lëtzebuergerin an Amerikanerin. Ech sinn an Amerika gebuer.

Mäi Papp gouf zu Lëtzebuerg gebuer.

Mengem Papp, seng Mamm koum an Amerika wéi hien zwee Joer al war.

Wéi hien eelef Joer al war, ass Si hu gestuerwen a mäi Papp gouf e Weesekand.

2018 gouf ech Lëtzebuergerin – well mäi Papp zu Lëtzebuerg gebuer war, konnt ech Lëtzebuergerin ginn.

Vun do un, probéieren ech Lëtzebuergesch léieren an ech siche mengem Papp seng Famill.

Ech hu schonn eng Cousine zu Lëtzebuerg fonnt.

Ech probéieren all Joer op Lëtzebuerg ze kommen fir meng nei Famill ze besichen.

Ech wunnen an Wisconsin, net wäit vu Chicago, an engem grousse Baurenhaus. Mäi Mann ass e Bauer. Hie baut gréisstendeels Kürbissen un, mee och vill Geméis.

Ech maache vill Saachen. 2000 hunn ech pensionéiert ginn. Ech war Informatikerin bei AT&T zu San Francisco fir 30 Joer. Mee ech war och ëmmer eng Musekerin a Museksprof. Ech ënnerriichten nach ëmmer Musek an aller Stëll, doheem. Ech spille vill Instrumenter: Gei, Braatsch, Piano, klassech Gittar, Mandolin an Zither, an ech ënnerriichte Gei, Braatsch, Piano, Gittar a Cello. Ech sinn och Komponistin. Musek ass mäi Liewen. Ouni Musek, gëtt et näischt.

Meng Hobbye si:

**Sport maachen – Ech freeë mech ze schwammen, Yoga ze maachen, Vëlo ze fueren a mat mengem Mippche spadséieren ze goen. All Dag maachen ech Yoga a spadséiere mat mengem Hond. Ech schwamme vill am Summer a fuere mam Vëlo bis d’Wieder ze kal ass.

**Bitzen – Ech quiltéiere Steppedecken an aner Saachen. Ech bitze gär owes a lauschteren den RTL.

**Lëtzebuergesch léieren – Ech probéieren all Dag e bëssen ze studéieren. Ech hu kee fir ze schwätzen sou ass et net einfach!

Ech kachen och gär, liesen a molen.

Musek ass net en Hobby – Et ass en Deel vu mir.

Ech hu keng Kanner mee ech si Stéifmamm – mäi Mann huet zwou Duechteren an en Enkel.

Mäin Honn si meng Kanner. :-)

terri schmit Sept 2020

2 views