• dnash43

e kleng Bauer vum Éislek

Updated: May 26




Martin ass e klenge Bauer aus dem Éislek.

Gebuer zu Eschduerf, wéi säi Papp a säi Grousspapp, huet hien am Elterenhaus mat sengen Elteren, senger Fra a sengen zwee Bouwe gewunnt.

Et war keng räich Famill, si haten e puer Hektar an ni méi wéi fofzéng Kéi, mä si sinn net verhéngert.

Hien huet vu fréi bis spéit geschafft, fir d’éischt mat sengem Papp, duerno eleng.

Et ass eng traditionell Éisleker Famill, vum Papp bis zum Bouf, op ee Wuert, Kontinuitéit.

Mä Martin seng Bouwen wollten esou net weider maachen : fir den Bauer ass d’Liewen vill Aarbecht an net vill Suen Dowéinst sinn d'Bouwe geplënnert.

No e puer Joer huet Martin engt neit Haus baue gelooss, net wäit ewech vun dem alen.

Aus dem alen Haus an dem Stall huet hien zwee Haiser gemaach an verkaf.

Dann, lues a lues, hat hien nei Haiser an eng Residence mat véier Appartementer gebaut. Een Haus ass fir den eelste Bouf an d'Appartementer sinn ze verlounen.

Am Ament huet hien nach eng Residence mat zéng Appartementer an zwee Duebelhaiser. Engt Haus ass fir den zweete Bouf, an all déi aner sinn erëm ze verlounen.

Seng Stécker behält hien, si si bannen dem Perimeter.

Iwwer d’Joren hunn ech heiansdo mam Martin geschnësst; fir d’éischt op Däitsch, duerno lues a lues op Lëtzebuergesch.

Hien sot mer neierdéngs, “Ech halen mam Bauerebetrib op. Ech maachen nëmmen e bëssen Hee an heiansdo ginn ech Trakter fueren”

Ech sot, “Martin, du bass elo een Hobbybauer!”

Martin, dee virun 10 Joer nach 10 Stonnen um Dag Trakter gefuer ass, huet gelaacht, an sot: “Jo, dat sinn ech, een Hobbybauer, a schéin ass et!”

Wéi ech virdrun schonn sot, “Vun der Aarbecht gëtt een net Déck!”.


Dennis 15 Mee 2020

7 views