• dnash43

e puer Zitater



Ech zerbrieche mer de Kapp fir e schlaue Sujet ze fannen, mee ech fannen näischt.

Esou iwwersetzen ech e puer Zitater vun den Experten.

Awer dann, null Toleranz : keng Däitsch Wierder, de verdäiwelte “n” nëmmen do wou et sech gehéiert, a keng blöd Tippfeeler!

Allez hëpp!

vun de Winston Churchill

• “D’Längt vun dësem Rapport ass seng Verteidegung géint de Risiko, dat et gelies gëtt.“

• “Ech si vläicht voll, Maggy (Maggy Bradshaw, M.P.), mä du bass ellen, an muer sinn ech erëm eniichter.”

• Lady Astor​: “Winston, wiers du mäi Mann, géif ech d’Gëft an däin Téi mëschen.“

Churchill​: “Nancy, wiers du meng Fra, géif ech et drénken!”

vun dem Abraham Lincoln

• “Ech ginn net séier, mä ech maachen nimools d‘Kéier.”

• “Amerika gëtt nimools vu baussent zerstéiert. Wa mir zerstéiert ginn an eis Fräiheete verléieren, dann ass et well mir eis selwer zerstéiert hunn.”

• “Et kann een all d’Leit zäitweileg uschmieren, oder muench ëmmer uschmieren, mä et kann een net jiddwereen ëmmer uschmieren.”

iwwer D‘Suen

• “Mat Sue kann kee d’Gléck kafen, mee d’Aarmut och net.” Unknown

• “Wéi hien et gesot huet, mat Sue kann ee kee Gléck kafen, weess hieneinfach net wou een akafe goen soll.” Gertrude Stein

• “Firwat brauch ee Gléck? Et ka kee Sue kafen.” Henny Youngman


Dennis 21 Abrëll 2020

7 views