• dnash43

Ech erënnere mech wann...



Wann ech mech u meng Kandheet erënneren, denken ech u meng Groussmamm. Si war d’Mamm vu menger Mamm a fir déi meescht vu menge jonke Joer, bis ech zwielef Joer al war, huet si bei menger Famill gelieft. Well mäi Papp e Weesekand war, a menger Mamm hire Papp dout war ier ech gebuer gouf, hat ech nëmme meng Groussmamm.


Ech hu sou vill ganz flott Erënnerungen u si. Meng Groussmamm war ganz léif mat mir, mee net sou léif mat menge Geschwëster. Meng Geschwëster waren ze haart a meng Groussmamm huet roueg gefall. Ech war e ganzt rouegt a passivt Kand an ech war gär mat hir zesummen.

Am Summer souze mir ënner engem Äppelbam zesummen. Do huet si mech geléiert ze bitzen. Do huet si mech geléiert Däitsch ze schwätzen an ze schreiwen. Heiansdo huet si iwwer de Krich geschwat. Dann ass si traureg a roueg ginn. Si huet vill Famill am Krich verluer. Souwisou, wann et Zäit war fir eran ze goen, sot si ech soll e puer Äppel plécken well si géif eng Deckelstaart maachen.

Meng Groussmamm, si heescht Martha (mee ech hu si Grandma geruff), war ganz uerdentlech. Si huet ëmmer e Rack ugehat an och seideg Händschen an en Hutt. Si huet ni geflucht. Si huet ni gefëmmt. Si huet ni Alkohol gedronk. Si huet ni mat eis gebrëllt. Mee wa si rose war, hu mir et all gewosst.

D’Grandma war eng Perfektionistin. Ech erënnere mech un eppes dat si oft zu mir gesot huet:

“Wat mir léieren, übe mir. Wat mir üben, gi mir weider.”

terri schmit

15.Abrëll 2021

1 view0 comments

Recent Posts

See All