• dnash43

ech hu geschafft!



Wéi ech e Student war, hunn ech zweemol bei der Royal Mail mam Chrëschtdagstsunami vun der Post geschafft.

Ech war Aushëllef bei der Liwwerung vu Colisen.


Mir hu siwen Deeg an der Woch geschafft.

Um 05.15 Auer Porridge vu menger Mamm, derno sinn ech eng Véierelstonn mam Vëlo op d’Schaff gefuer.

Den Ufank war um 06.00 Auer a bei der Royal Mail muss ee pénktlech sinn.

D’Bréifdréier hate schonn d’Colise fir d’Tier aussortéiert, dunn huet jidder Bréifdréier mat sengen zwee Aushëllefe seng Colisen, exakt sortéiert fir den Tour, op säi Camion gelueden.

Derno duerfte mir op den Postsäck schlofe bis um 07.45 Auer, wëll mir net virun 08.00 Auer liwweren duerften.

Awer du goung et lass!

Ënnerwee huet eise Bréifdréier weider sortéiert an dem Chauffer gesot wouhin hie fuere sollt a wéini hie hale sollt.

Mir Aushëllefen hunn d’Colise geholl a geliwwert.

Mir waren d’Foussvollek, de PBI*, a sinn niewent dem Camion getrëppelt oder sinn op de Camion gesprongen.

An hunn all Colise musse liwweren!

Keen doheem?

Fann en Noper den de Colis akzeptéiert fir weiderzeginn.

En onfrëndlechen Hond do?

Schwätz fei mat him, oder jäiz bis ee kënnt.

Camion wäit gefuer?

Laf méi séier.

Um 09.45 Auer waren 20 Minutte Paus an engem Aarbechterbistro wou d’Iesse bëlleg an immens lecker war.

Mir hunn Téi aus ¼ Liter Taase gedronk, staark, séiss a gliddeg.

Domat hu mir eng Speck- oder Zossisseschmier giess, déck geschnidden a frësch aus der Pan.

Vun 12.00 Auer bis 12.55 Auer war d’Mëttegiessen

Ech si fënnef Minutte mam Vëlo bei meng Bomi gefuer, hu waarm giess an 20 Minutte geschlof.

Vun 13.00 Auer bis 16.55 Auer hu mer geschafft, mat 20 Minutte Paus.

An der éischter Woch ware mir um 17.00 Auer fäerdeg mat der Aarbecht, an der zweeter Woch hu mir nach en Tour vun zwou Stonne gemaach, de 24.Dezember hu mir geschafft bis déi lescht Colise geliwwert waren.

D’Iwwerstonnen hate 50% Zouschlag.

Sonndes a 24.Dezember hate 100% Zouschlag, esou Iwwerstonne waren 3 Mol bezuelt.

D’Drénkgelder ware fir de Bréifdréier.

No där Erfarung hat ech vill Respekt fir d’Aarbechter.

Mat den Iwwerstonne waren d’Bréifdréier net domm, a mir hu gutt verdéngt.

Mee mir hunn all zesumme geackert, a mir waren all houfreg, eng gutt Aarbecht gemaach ze hunn.

Derno war ech e och puer Kiloe méi schlank!

* (Poor Bloody Infantery)

Dennis 11/10/21

1 view0 comments

Recent Posts

See All