• dnash43

Een Dag an der Klinick



Een Dag an der Klinick ass immens interessant awer ustrengend. Gleef net dat ee fir d’Erhuelung do ass!

Et fänkt géint 05.00 Auer un

Eng Infirmière kënnt fir eng Bluttprouf ze huelen.

Dat dauert net laang, awer derno ass ee wakereg.

Mécht näischt, no enger hallwer Stonn schlofen ech an.

Um 06.00 Auer kënnt eng aner Infirmière fir de Bluttdrock, d’Temperatur an de Bols ze moossen.

Et dauert nëmmen 2 Minutten, derno kann ech no enger Véierelstonn erëm schlofen.

Um 07.00 Auer ass et d’Zäit fir de Schichtwiessel fir d’Infirmiere, mat vill Trafick op dem Gank.

Mécht näischt, de Kaffi kënnt um 08.00 Auer an et soll ee sech souwisou virdru wäschen a raséieren.

De Kaffi ass net schlecht, mee nëmmen eng Taass Kaffi - dat ass Kaffi? - amplaz dräi Tasen Téi.

De Virmëtteg ass hektesch, mat Visitte vum Kiné, Sortië bei de Kardiolog, Sortië bei de Radiolog oder bei en anere Xolog.

Am Virmëtteg mécht den Dokter normalerweis seng Visitt, meeschtens tëschent 12.29 Auer an 12.31 Auer.

Um 12.30 Auer kënnt d’Mëttegiessen.

Et ass keng Haute cuisine, mee et ass besser wéi ech virdrun erwaart hunn.

Nom Iessen ass ee schléifreg an et schléift een an, da kënnt natierlech d’Damm fir den Dësch ofraumen.

Derno gëtt direkt weider geschlof virun der Visittzäit géint 14.00 Auer kënnt.

No der Visitt schléift ee wéi e Bëbee bis d’Owesiessen um 18.00 Auer.

An der Nuecht kann een net gutt schlofe bis ongeféier 03.30 Auer.

Den neien Dag fänkt géint 05.00 Auer un ...



Dennis 26 Abrëll 2022

1 view0 comments

Recent Posts

See All