• dnash43

Eis Liibling


Den Auto dominéiert eist Liewen.


Wat denken déi 18 järeg déi ganzen Zäit? Nee, falsch geroden, et ass de Fürerschäin, da kann de Papp en Auto fir si kafen.


An dat ännert sech net mat der Zäit. “Meng Mod, ech muss eppes gestoen.” “Oje, sot nëmmen net, du hues eist Kand erëm vergiess!” “Nee, vill méi schlëmm wéi dat, ech hunn en neien Auto kaaft.” “Oh, näischt dogéint, da sinn d’Noperen neidesch!”


An dorëm geet et. Den Auto muss grouss, séier a protzeg sinn. Mir hunn Noperen, si fueren e Jeep fir déi deeglech Rees duerch d’Wüst vun Eschduerf op de Kierchbierg!


D’Nationalitéit vum Auto spillt eng grouss Roll. E lëtzebuergeschen Auto huet keng Brems, e kann nëmme méi séier fueren. E däitschen Auto huet immens staark Scheinwerfer fir ze iwwerhuelen. An e belschen Auto huet kee Réckspigel.


D’Nationalitéit vum Chauffer kann een och u sengem Verhalen erkennen. Bei der rouder Luucht, zum Beispill, tut den Däitscher 1 Sekonn nodeems et gréng ginn ass an de Fransous 2 Sekonne virdrun. De Belsch hält souwisou net bei rout.


Op der Parkplaz bleift den Däitsche genee an der Mëtt vun de Sträifen, de Fransous hëlt 2 Plazen an de Belsch hëlt ëmmer de Plaz fir Behënnerter.


Ech sinn net rassistesch, an ech meckeren nimools, awer et muss een d’Wourecht soen!


Dennis 24.Oktober 2021

0 views0 comments

Recent Posts

See All