top of page
  • dnash43

Eise Gaart

Updated: May 29, 2021



Mir wunnen op an .4 acre Lot.

Dofir hu mir e grousse Gaart.

De ganze Gaart ass en Naturgaart,”, ausser engem Stéck op der Säit.

Eise Gaart ass ass hannert dem Haus, et kann een e vun de meeschte Säite gesinn.

Dat heescht, vum Living, vun der Kichen, vun eisem Schlofzëmmer, a vun der Dësch wou mir iessen —Ah jo, an och vun der Terrass.

Mir hunn esou eng schéi Vue!

Mir kënnen d’Piscine gesinn, mat de Planze ronderëm.

Mir kënnen de Sprangbuer héieren, mir kënnen och d’Baach héieren.

Vill wëll kleng Déieren, zum Beispill, Vullen, a Kaweechelcher, besichen eis am Gaart. Leider, leeft hiensdo och eng Rat duerch de Gaart.

Mir hu Wäieriewen op enger Pergola, a Raten a Kaweechelcher fannen Drauwen ganz lecker.

Mir hunn eng Baach déi mir selwer gebaut hunn.

Dat war awer vill Aarbecht fir d’ grouss Sténg ze réckelen!

Virun e puer Joer, hu mir eis Piscine frëschgemaach.

Elo hu mir méi Planze ronderëm.

D’Hënn si ganz frou mam Gaart, a kënne sech do gutt amuséieren.


Mir hunn och e Buddhagesiicht dat gläicht enger Ruin.

Alles ass geloossen a roueg, a wann een do ass, gëtt een och roueg.

Mee, waart eemol!

Ass dat net Onkraut!?

Da muss ech et séier rappen!


Michele 15 Mee 2021

3 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page