• dnash43

eist Baurenhaus



D’Liewen an dësem Baurenhaus ass einfach.

Eist Haus läit ganz ofgeleeën a mir hu keng Noperen.

Mir wunnen an der Gewan an eise Bauerenhaff ass grouss, mat 33 Hektaren (80 acres). Wann ech duerch d’Fënstere kucken oder wann ech wanderen, gesinn ech nëmmen eise Bauerenhaff.

Et ass ganz friddlech.

Eist Haus ass ganz al, mee mir hunn et renovéiert.

Et ass 1865 gebaut ginn an obwuel mir et renovéiert hunn, kraachen d’Biedem nach an d’Dieren pechen.

Mee ‘t ass kee Problem, well et ganz friddlech a roueg ass.

De Keller heescht “the man cave.”

Et ass eng gutt Plaz fir mäi Mann.

Ech ginn net oft an “the man cave.”

Et ass net propper an et ass däischter.

Et gëtt fënnef Schlofkummeren, awer wéi mir renovéiert hunn, hu mir aus zwee Schlofkummeren eng grouss gemaach.

Mir benotzen och eng Schlofkummer als Büro an eng als Bitzzëmmer.

Dat klengt Gäschtzëmmer ass um éischte Stack awer et ass och de Museksraum. D’Gäschtzëmmer as am rouegste Raum am Haus.

Et ass eng ganz léif Plaz fir ze schlofen.

Um éischte Stack ass alles op, sou d’Kichen, d’Iesszëmmer and d’Living sinn zesummen. Mir hu wéineg Miwwelen – ech sinn eng Minimalistin an ech hu vill eidel Plaz gär.

Et gëtt zwee Buedzëmmeren an eisem Haus.


Dobanne si vill Planzen.

All Zëmmere si ganz hell.

Et gëtt vill Fënsteren.

Am Summer setzen ech d’Planzen dobaussen op der Terrass.


Et gëtt och véier Schaukelstill op der Terrass.

Wann d’Wieder waarm ass, sëtzen ech op der Terrass mat engem Glas Wäin oder enger Taass Kaffi.

Ech kucken a lauschteren d’Vullen am Gaart, liese Bicher, spille Musek an dreemen.

Am Wanter mir Schlitt fueren an d’Bierger a wanderen am Schnéi.

Et ass ganz schéin (awer ech hu léiwer Summer a waarm Sonn!).


Terri 10.01.2021

1 view0 comments