• dnash43

eist Häischen




Mir wunnen zu Eschduerf, en Duerf am Éislek.


Wéi all Dierfer zu Lëtzebuerg wiisst Eschduerf ouni Enn. Wéi mir hier komm sinn war eist Haischen um Enn vun der Strooss, an d’Strooss war bal e Feldwee. Um aneren Enn waren 3 Haisercher an e puer Bauerebetriber.


No eis kommen haut nëmmen 2 Haiser, mä um aneren Enn ass bal eng Cité mat Haiser a Residenzen. D’Cité wiisst wéi en Amoeba a kënnt iergendwann eist Haische friessen. Schued, mä mir kënnen et net änneren, a mir hunn ëmmer nach eis schéin Aussiicht.


Eist Haischen ass kleng, waarm a gemittlech. Eis Innenausstattung ass eng Mëschung vu Genren a Faarwen, bestëmmt net de Choix vun engem Innenarchitekt. Mir hunn iwwer Joren d’Stécker kaaft déi mir schéi fonnt hunn, ouni Plan.


Zwou Saachen hunn eiseChoix staark beaflosst. Fir d’éischt humir d’Zentralheizung net gären, well d’Loft dréchen an dout ass. Mir hunn en Holzkamäin, dee Loftbeweegung bréngt, an d’Flame brénge Liewen an d’Stuff. Och, Holz ass net e Fossilbrennstoff, mir sipolitesch korrekt mat der Ëmwelt!


Eis Muppen hunn de gréissten Afloss op eist Haischen. Iwwerall d’Spillsaache fir d’Hënn, e bëssen Hoar heiansdo, an eng grouss Begréissung fir all Visiteuren. Si suerge fir Onuerdnung, mä si sinn eis Begleeder, eis Frënn, eis Kanner.


Eist Haus ass eise Schutz virum Stuerm, eisen Trouscht a schwieregen Zäiten.

Et ass eis Doheem.


Dennis 10.01.2021

1 view0 comments