• dnash43

eist Haus



Mir wunnen an engen “Ranchstyle” Haus. De “Ranchstyle” ass eng Form vun den Haiser déi zimmlech gängeg hei a Kalifornien ass. Si sinn an den 70’s vill gebaut ginn, a meng ganz Géigend huet dës Haiser.

Eist Haus huet nëmmen ee Stack, véier Schlofzëmmeren, zweeanerhallef Buedzëmmeren, eng Stuff, eng klenger Salle à manger, an en klengt Zëmmer wat mat der Kiche verbonnen ass, wou mir iessen an schafe kann..

Mir hunn e schéinen a grousse Gaart mat enger Baach, enger Pisine, an vill Planzen a Beem. Mir hunn och eng Térrass oder en “Deck, wéi mir hei an Kalifornie soen, déi aus Holz gemaach ass. Elo ass et vill ze kal fir dobaussen ze sinn, mee wärend den aneren dräi Joreszäiten ass et ganz schéin.

Mir hu vill Konscht am Haus. Et freet mech fir d’Stécker all Dag ze gesinn. Mir hunn och zwou grouss Späicherliichten an dräi “solar” Luuchten. D’Zëmmere wou mir am meeschten dra wunnen, sinn no Westen, dofir brauche mir méi Luucht.

D’Kichen, d’Stuff, d’ Iessenzëmmer, an eist Schlofzëmmer sinn alleguer vis á vis Gaart. Et ass ganz berouegend ze gesinn. Ausserdeem, kënne mir gesinn, wat d’Hënn doubasse maachen. Et gëtt vill Kaweechelcher am Gaart , a virun enger Woch, hunn d’Hënn eent doutgeschloen. Dat war awer net schëin!

Mee sou geet et am Gaart. An och an der Welt!


Michele 10.01.2021

1 view0 comments

Recent Posts

See All

Ziler fir de Neit Joer—Net fir Mech

All Joer, an der Fitness, gesinn ech eng nei Gruppe Leit wien e neien Ufank welle maachen. Ech gesinn déi Leit fir e puer Méint, an da lues a lues, gëtt et manner a manner. Si sinn déi “New Year Reso