• dnash43

En neien Dag



Haut ass dee wichtegsten Dag an Amerika zanter dem 3.November 2020. An dem 3.November, hunn d’Amerikaner geschwat. Haut hu mir en neie President a mir kënnen endlech opootmen.

Ech sinn um 6 Auer erwächt. D’Inauguratiouns Feierlechkeeten hunn um 7 Auer ugefaang. Ech si mat mengem Mippchen erausgaang éier d’Feierlechkeeten ugefaang hunn. Ech wollt net iergendeppes iwwerhéieren.

Fir d’éischt, an am wichtegsten, war dat den Trump um 9 Auer misst fortfléien. Ech hunn de Fliger mat all den Trumps gekuckt…ech hunn ,,Äddi” mat engem grousse Laache gewonk an ech hunn Tréine vu Freed gekrasch. Och um 8 Auer goung de President Biden an d’Kierch. D’Mass war 20 Minutte laang. Ech hat Zäit fir Kaffi ze drénken.

Mëttes gouf de Joe Biden der neie President!!!! Ech hunn nach eng Kéier gekrasch. Ech hu geklappt no senger Ried an eng stänneg Ovatioun ginn. Natierlech hunn ech nach eng Kéier gekrasch.

Nomettes ware méi Festivitéite mat Musek a Rieden a méi Tréinen an owes nach méi Festivitéiten, Freedefeieren a jo, méi Tréinen.

Déi lescht véier Joer waren erschreckend. Ech freeë mech déi nächst véier Joer an ech hoffe virun allem datt d’Politik erëm langweileg ka ginn.


Terri 21.01.23

2 views0 comments

Recent Posts

See All