top of page
  • dnash43

eng apaarte Kascht

Updated: Mar 10, 2022


Fir den Europäer kann “e typeschenenglesche Kascht” kann nëmmen eng Bedéiteng hunn : Fish and chips. Dat ass fir d’Welt de Prototyp vun der Englescher Kichen. Eigentlech ass fir d’Britten Fish and chips e Snack oder en Takeaway a keng richteg Moolzecht.


A menger Jugend war samschdes e flotten Dag. Mir waren eng Band vu 4 oder 5, nëmme Bouwen.

Mir haten d’Meedercher vläicht e bësse spéit entdeckt, fir eis ware si net esou interessant wëll si net gutt Fussball spille konnten.

D’Mëttegiessen samschdes war fréi a liicht, wëll mir am Nomëttegde Fussball gespillt hunn .


Derno doheem fir d’Owesiessen, du gounge mir meeschtens an de Kino.

Et war ëmmer eng déck hallef Stonn zu Fouss, mee mir ware jonk.

De Kinosprogramm war fix : d’Noriichten, den Trailer, e B-Film an de grousse Film.

Am Kino war streng gereegelt, kee Kaméidi a kee Picknick, an der Paus virun dem grousse Film huet een eng Glace kënne kafen.

Mir goungen an e Kino wou e Western oder e Gangsterfilm war. Eise Goût war net komplizéiert, an d’Iddi datt d’Indianer och Leit waren, dat war eis ze héich.


Derno hu mir ëmmer Fish and Chips giess.

De Fësch gouf an de Deeg gezappt, dunn 2 Minutten a gliddegem Fett, fäerdeg.

D’Fritte waren och ëmmer frësch.

Crackling, d’Grimmele vum Béierdeeg, war offréiert an ëmmer akzeptéiert.

D’Portioun gouf a wäisse Pabeier agewéckelt, dunn a propperen Zeitungspabeier.

Mir hunn Esseg a Salz dropgemaach, a vum Pabeier mat de Fangeren um Heemwee giess.


Ech hu vill Iesse gehat déi méi deier waren, awer net vill méi lecker.

D’Gesellschaft vu Frënn, e gesonden Dag mat vill Beweegung, einfach d’Jugend, a mir waren zefridden.

Mir haten net vill Suen, nom Samschdeg war vun eisem Täschegeld net méi vill do, mee mir ware räich.


O Mamm, d’Nostalgie hautdesdaags ass net wat si eemol war!

Dennis 09/03/22

2 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page