- dnash43
eng Erzielung aus dem Eislek

Mir schwätzen hei vu ca 1950, vun enger anerer Zäit, bal vun enger anerer Welt.
De Phillip, oder de Phlëpp, war keen uerdentleche Member vun der Gesellschaft, mee hie war eng Perseinlechkeet an immens beléift. Ech hunn hien net kannt, mee d’Soe vum Phlëpp a sengem Hengscht si Legenden an der Famill.
De Phlëpp war de Proprietär vum Kino zu Ëlwen. Hien huet dem Paschtouer d’Filme musse virdru virféiere wëll de Paschtouer d’Recht hat d’Filmer ze zenséieren.
Dat hat de Phlëpp, dee souwisou kee Fan vun der Kierch war, iwwerhaapt net gär akzeptéiert. Wéi de Paschtouer mat senger schwaarzer Soutane fir d’Virféierung matkomm war, hat de Phlëpp ëmmer “O du schwaarzen Zigeiner” haart gesongen, e Lidd wat immens populär an d’Zäit!
De Phlëpp an de Paschtouer ware keng déck Frënn!
Mee pass op, de Paschtouer war eng mächteg Persoun am Duerf. Zum Beispill konnten d’Bauer d’Hee Sonndes net eraushuelen ouni d’Erlabnis vum Paschtouer. Esou staark war d’Kierch! A wann e Schwäi geschluecht gouf, hat de Paschtouer ëmmer e gutt Stéck kritt!
De Paschtouer hat an deem Fall refuséiert de Phlëpp um Kierfecht vum Ëlwen ze begruewe wéi de Phlëpp gestuerwe war! D’Famill hat en anere Paschtouer fonnt an de Phlëpp gouf bäigesat, awer net am Familljegraf.
Déi ganzt Duerf war do fir d’Zeremonie, e Gest vu Solidaritéit géint de Paschtouer.
Awer de Paschtouer huet dat lescht Wuert gehat, oder?