• dnash43

eng Geschicht aus der Schoulzäit




1960 war ech am zweete Schouljoer. Et war Oktober a geschwë wier Halloween. All d’Kanner géifen deen Dag Kostümer undoen. Ech war ganz begeeschtert fir deen Dag.

Eis Joffer war ganz léif. Si war meng Liblingsjoffer. Op Halloween muss all Kand iwwert säi Kostüm erzielen. Ech konnt net ofwaarden!

Dat Joer hunn ech mech als Annie Oakley verkleed.

Halloween war en Donneschdeg. En Donneschdeg hunn ech mäi Kostüm ugedoen. Meng Mamm sot, “Terri, firwat hues du haut däi Kostüm un?” An ech sot, “Et ass Halloween an ech schwätze mat de Matschüler iwwer d’Annie Oakley.” Mee meng Mamm sot, datt Halloween e Freideg wier. Ech hunn insistéiert datt Halloween en Donneschdeg wier.

“Ok” sot meng Mamm. “Mee muer kanns du net rëm de Kostüm undoen. Muer ass Halloween.”

“Nee, Mamm. Dat ass net richteg. Haut ass Halloween.”

An esou war ech d’Annie Oakley den Dag virun Halloween.

Mäi Kostüm war sou schéin. Ech hunn eng rout Jackett iwwer eng wäiss Blus an eng rout Jupe a roude Stiwwelen ugedoen. Ech hunn och e roude Cowboyshutt un. Ech war prett iwwer d’Annie Oakley ze schwätzen. D’Annie Oakley war e ganzt bekannt Cowgirl. Hatt war selbstänneg a ganz gescheit.

Am Bus hunn d’Kanner iwwer mech gelaacht. D’Jongen hu mäi Cowboyshutt geholl. Awer wéi ech an d’Schoul koum, hunn ech mech selbstänneg, gescheit a bekannt, wéi d’Annie Oakley gespiert.

D’léif Joffer huet mech iwwer mäi Kostüm gefrot. Ech sot, “Ech sinn d’Annie Oakley fir Halloween.” an hunn iwwer hatt geschwat. Meng Liblingsjoffer sot, “Dat ass e ganze schéine Kostüm, awer muer ass Halloween, Terri.” an all d’Kanner hu gelaacht a gelaacht.

Op eemol sot ech, “Ech hunn zwee Kostümer, dofir brauch ech zwee Halloweenen.”

Den nächsten Dag huet jidderee Kostümer ugedoen, mee ech hu meng regulär Kleeder un. Wéi d’flott Joffer mech gefrot huet, “Wie bass du fir Halloween?” sot ech, “Ech si Cinderella an haut den Owend wäert ech eng Prinzessin ginn.”


Terri 18 November 2021

0 views0 comments

Recent Posts

See All