• dnash43

eng Geschicht aus der Schoulzäit



Nom Krich goungen d’Zaldoten zréck an hir al Beruffer.

Meng Schoul hat en neie Mathesprof kritt, de Mr Beardsmore.

Hie war e Panzerkommandant zu El Alamein(*) gewiescht.

Hie war ëmmer héiflech, seng Stëmm war ni haart, awer wéi hie “Setzt Iech wgl” sot, du hate mir eis direkt gesat, ouni ze piipsen.

Mir hu kee Blödsinn a sengem Cours gemaach.

Een Dag hat hien iwwer d’Null geschwat, an ech wollt net gleewen datt 3 x Null datselwecht wéi 1 x Null ass.

De Mr Beardsmore sot mengem Noper, “Gitt (net gëff!) dem Nash näischt, wgl”, dunn dem nächsten Noper, dunn dem nächsten.

“Nash, wéivill hutt Dir elo, wgl?”

“Näischt, Sir”

“Hutt Dir weider Froen, wgl?”

“Nee Sir, Merci”

Ech hu vun der Episod geléiert.

Fir d’éischt, dat d’Null e spezielle Begrëff ass.

Och, datt et Leit gëtt deenen een dräimol iwwerleeë soll, éier een eng domm Fro stellt.

(*) El Alamein war eng batter Schluecht an Nordafrika tëschent den Englänner ënner dem General Montgomery an den Däitschen ënner dem Feldmarschal Rommel

D’Englänner hunn d’Victoire erkämpft, awer mat grousser Verloschter.

De Winston Churchill sot, d’Schluecht von El Alamein war en Aschnëtt am Krich, esouguer den Ufank vum Enn.



Dennis 21 november 2021

1 view0 comments

Recent Posts

See All