• dnash43

Eng Geschicht vu Menger Schoul


Marymount, West Los Angeles, ass den Numm vu mengem Lycée wou ech viru ville joren eng Studentir war.

Et ass e kathoulesche Lycée, an eng “college prep” Schoul.

Et ass en zimmlech bekannte Lycée well verschidde bekannt Frae ware Studentinnen, anzwar d’Marlo Thomas, d’Tina Sinatra, d’Mariska Hargitay vun ‘Law and Order SVU’ ( eng vun menger Liblingsschauspillerin); a wat vläicht e bëssen e schwaarzt Zeechen ass— d’Kim Kardashian war och eng Studentin an dëse Lycée.

Mee bekannt oder net, jonk Meedercher si jonk Meedercher, mat villen Dommheeten an hire Käpp! Esou war et och am Marymount.

Eng Geschicht déi ech wierklech witzeg a flott fonnt hu war dës:

Eent vun dëse Meddercher huet déi Been gebrach, an elo war et bal verheelt.

Hatt huet nach zwou Krätschen, mee hatt huet se net vill benotzt.

Dëst Meedchen, huet mat zwee Schoulkolleegen, huet e klengt Theaterstéck gespillt. D’Meedche mat de Krätschen ass beim Statu vun der Muttergottes gaangen. D’Meedchen huet e bësse gebiet, dunn huet hatt seng Krätschen an d’Luucht geheit an ass fort gelaf!


Hatt war geheelt! T’ass e Wonnermëttel! D’Muttergottes ass erstaunlech!!


Wat net gutt war, war datt eng Nonn dat alles gesinn huet. Se war um éischte Stack an huet dat ganz d’Theaterstéck gesinn. Oh! Wat e Skandal! Wat eng Gotteslästerung!

Ech hunn et esou witzeg a kreativ fonnt, dat et ëmmer a menger Memoire bliwwe ass.



Michele 20 november 2021

1 view0 comments

Recent Posts

See All