• dnash43

eng Geschicht vun der Vergangenheet



Meng Schoulzäit war virun der Tëlee, a mir hunn de Radio gelauschtert.

Ouni Biller bléift méi Fräiheet fir d’Fantasie, a munch Programmer bleiwen nach a mengem Kapp.

Eng Liiblingssendung war “E Rendez-vous mat der Angscht”, eng Serie vu Gruselgeschichten.

De Schauspiller war de Valentine Dyall, e Mann mat enger immens donkeler Stëmm.

No der Sendung war meng Schlofkummer méi däischter!

Ech ginn e Beispill.

Et ass d’Walpurgisnuecht, matzen am Bësch, an et gëtt däischter.

Et ass wäit e breet keen Haus, e kee Mensch, nëmme Geräischer vum Bësch, an de Wanderer fänkt un, Angscht ze kréien.

Op eemol héiert hien eng Kutsch.

Hie wénkt, an zu senger Erliichterung bleift d’Kutsch stoen.

De Wanderer klëmmt op a seet zum Kutscher “Villmools Merci. Ech freeë mech immens, Iech ze gesinn. D’Leit am Gasthof hu mir gesot, haut an der Nuecht kënnt eng Däiwelskutsch op dëser Strooss, an de Kutscher huet kee Kapp!”

“Abee”, sot de Kutscher, “Mengst du ee wéi ech?”

Dennis 30 Mai 2021

0 views0 comments

Recent Posts

See All