• dnash43

Eng Ongewéinlech Frëndschaft


( oder vläicht ass et TMI — too much information)

Wéi ech 29 Joer al war, hunn ech e jonke Mann kennegeléieret. Hie war 24 Joer al. Ech hu just aus enger Relatioun erauskomm, an ech hunn eleng gewunnt. Hie war mäin Noper.


De Sam ass aus engem ganz anere Verhältnes komm wéi mech . Hien Säi Papp war Zuchaarbechter, an de Sam ass ni op d’Uni gaangen. Mee hie war esou schéin! Hie war och ganz gescheit, mee net vu de Bicher. Ooh, hu mir gelaacht!


Wärend dem éischte joer ware mir “friends with Benefits”, derno ware mir just Frënn. Vu vis á vis, hu mir deem anere säi Liewe gekuckt.. De Sam war wierklech e “lady’s man”, wéi mir hei an Amerika soen. Ech hunn esou vill jonk Fraen mat him gesinn, an ech war an enge neier Relatioun. Schlussendlech, sinn ech geplennert a bestuet ginn.

Derno, hunn ech vum Sam all dräi oder véier joer héieren, wann eppes ganz seriös a sengem Liewe geschitt ass. Hien huet mir ugeruff fir mat mir ze schwätzen. Eng Kéier war wéi dem Sam seng kleng Schwëster sech ëmbruecht huet. Eng anere Kéier säi lieenslaangen Noper duerch eng Häerzattack ganz jonk gestuerwen ass. Mee, ech mengen d’Saach dat Schlëmmst war, war wéi hie seng Fra an enger Porno mat dräi anere Männer gesinn huet. Natierlech, war dat de Schluss vum Mariage!

De Sam huet elo dräi Kanner, an zwee Enkelkanner. Si sinn dem Sam säi Liewen.

A wat, vläicht freet een, ass fir mech vun der Relatioun. Dat kann ech wiérklech net äntweren . Vläicht ass et d’Geschicht, vläicht sinn et d’ Erënnerungen. Vläicht ass et datt mir eis ëmmer e bësse wäit, awer mat dem Respekt, gehalen huet. Ech weess et guer net. Et ass e Rätsel, mee e wichtegen Deel vu mengem Liewen.



Michele 25 Abrëll 2022

1 view0 comments

Recent Posts

See All