top of page
  • dnash43

Eng Weltrees



Ech gi freides akafen ; Nelly mécht de Stot, ech ginn akafen, mir sinn eng Ekipp.

Zënter Jore ginn ech ëmmer op Delhaize, e belsche Supermarché an der Grenz tëschent Lëtzebuerg an der Belsch.

Ech weess wou alles op de Regaler ze fannen ass, Parking ass gutt, et ass komfortabel, an Haaptsaach, et geet séier.

D’Hallschent vun de Cliente si Belsch, heescht näischt, ech si kee Rassist.

A vun de Lëtzebuerger sinn d’ Hallschent Portugies.

Firwat esou vill Belsch?

TVA (sales tax) ass 17% hei zu Lëtzebuerg, 21% an der Belsch, an den Alkohol, de Tubak an de Sprit si bis ze 20% méi bëlleg hei.

Eis Bouf huet Gebuertsdag am Mäerz, an ech goung fir eng gutt Fläsch ze sichen.

Ech hunn e gudde schottesche Whisky fonnt : 3.099 € fir d’Fläsch

Dach, 3099€, net 30.99, 3424$ !

Ech hunn net kaf.

Ech hu Kéis vu Frankräich, Italien an England kaf, Uebst vu Spuenien an Drauwe vu Peru(!), Geméis vun Däitschland a Portugal a Fësch vu Vietnam(!) an Norwegen.

Och Mëllech a Botter vu Lëtzebuerg.

Firwat esou international?

Ech weess net, esou ass et hei bei eis. Ech mengen et ass d’Globaliséierung : esou vill Transport ass net onbedéngt gudde fir d’Emwelt, mee et ass esou.

D’Dammen an der Caisse schwätzt franséisch, flämesch, e bëssen englesch, mee net vill lëtzebuergesch : mir kennen eis zënter Joeren a poteren e bëssen.

Freideg de Virmëtteg, 15 Kilometer vun doheem mat mengem japaneschem Won, eng Weltrees!

Dennis 30 Jan 2020

5 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page