• dnash43

Eng wibbeleg Kandheet



Ech sinn e Kand vu London, an ech war siwe Joer al am Ufank vum Krich.

D’Regierung huet ordonnéiert, Kanner missten wéinst dem Bombardement fort vu London goen.

Esou, gouf ech, mat menger Mamm awer ouni mäi Pap, op e Bauernhaff zu Kent evakuéiert.

Mäin Gott, keng Haiser, keng Bussen, nëmme Beem an Déieren, de Mars wier net vill méi auslännesch gewiescht!

No e puer Méint, koum kee Bombardement méi, also gounge mir heem.

Kuerz duerno koum d’Bombardement, de Blëtzkrich, London huet geflaamt, et war de “Battle of Britain”.

D’Kanner goufen nees evakuéiert, dës Kéier fir mech op Yorkshire, ouni Elteren.

Meng Mamm koum méi spéit, a mir ware vläicht zwee Joer do.

Duerno gounge mir zrëck op London, mee eist Haus war net méi do, also huet mäi Papp eppes fir eis gelount.

Et war roueg fir vläicht zwee Joer, awer du koumen déi V1, d’fléient Bommen : nees op Yorkshire, ouni Elteren, mee dës Kéier hat ech kee Problem méi mat dem Akzent.

Et war net fir laang Zäit, vläicht e Joer, dunn zrëck op London.

Ee Joer Rou, du koumen d’V2, d’Rakéiten.

Dräi Mol däerfs du roden : Jo, gewonnen, nees op Yorkshire, ouni Elteren.

Et war eenegermoosse kuerz, dunn zrëck no London.

Duerno war mäi Liewe stabil, bis ech fort op d’Uni goung.

Meng Kandheet war wibbeleg, onstabil, interessant.

Géint eng stabil Kandheed, hunn ech d’Erfarung gewonnen, eppes verluer, mee esou ass d’Liewen!

Ech hunn eng Gravure, “London Bridge” vum Bernard Buffet, déi geet zënter ville Joer iwwerall mat mir geet: ass déi vläicht meng Sécherheetssaach?


Dennis 23 Feb 2020

10 views