• dnash43

esou Filmer maachen si net mee!



Mat eisem neien Apple TV kucken ech erëm Filmer.

Si si flott, mä e bësse wéi Fast Food: praktesch a gënschteg mee ouni de “Wow” Effekt.

A menger Jugend goung ech mat menge Frënn eng hallef Stonn ze Fouss, entweder bis beim „Gaumont“, oder bis beim „Astoria“ de mir “Flea Pit” genannt hunn.

De Gaumont war méi propper awer no dem Besuch am Flea Pit gouf et Fish-and-chips. Mir hunn do och ni Fléi kritt.

Et gouf e volle Programm: d' Noriichten, e puer Trailer, e “B” Movie an dann eng Paus fir eng Glace.

Et gouf an der Zäit kee Popcorn, nëmmen Glacen.

Dann koum de grousse Film, de laang erwaart war.

Mer goungen dacks e Western kucken.

Déi goufen och “Cowboys and Indians” genannt.

D’Indianer waren ëmmer déi schlecht Kärelen, awer dat war éier mir “Bury my heart at Wounded Knee” gelies haten.

Den anere schlechte Kärel war dee mat dem schwaarzen Hut. Dat war dacks Jack Palance awer ni James Stewart.

Ganz elegant waren Fred Astaire a Ginger Rogers.

Marlene Dietrich war tatsächlech immens apaart. Bis haut héieren ech gäre “Sot’ mir wou d’Blumme sinn.” Si hat och säit jeehier déi schéinste Been.

Kann Apple TV jeemools mat d‘Nostalgie konkurréieren?


Dennis 6 Juni 2020

3 views