• dnash43

Go Cubs go!



Freideg sinn ech mam Bus op Chicago gefuer.

Mäi Liblingssport ass Baseball an d’Chicago Cubs ass mäi Liblingsteam.

Si sinn kee ganz gutt Team, mee si si mäin Team well ech zu Chicago opgewuess sinn an de ganze Summer géif ech op Wrigley Field goen fir si spillen ze gesinn.

Si si ganz bekannt well et 108 Joer gedauert huet éier si d’Weltserie gewonnen hunn. Dat war 2016.

Ech war do wéi si gewonnen hunn a Chicago war absolut verréckt.

Jo, Baseball ass mäi Liblingssport.

Et dauert dräi an eng hallef Stonne fir mam Bus op Chicago ze fueren.

Dat ass e laangen Dag nëmme fir eng Spill ze gesinn!

Mee wann ech am Park sinn, ass et sou vill Spaass datt ech vergiess, wéi laang ech no dem Spill mam Bus muss fueren.

Hei eng kuerz Geschicht aus menger Kandheet:

Ech war néng Joer al.

Mäi Brudder an ech sinn op Wrigley Field gaang fir d’Spill ze kucken.

Amplaz ze bezuelen, hu mir decidéiert e ganz héijen Zonk erop ze klammen.

Da kéinte mir d’Sue benotze fir Séissegkeeten ze kafen.

Wéi mir uewen ukomm sinn, konnte mir net eriwwer sprangen, well et war ze héich.

Mir waren uewen am Zonk ageklemmt.

D’Pompjeeë koumen an hu missen eng Leeder benotze fir eis erof ze huelen.

D’Spill gouf gestoppt bis mir erof waren.

Et war op der Tëlee a meng Mamm huet alles gesinn!

Wéi mir erofgeklomme sinn, war meng Mamm do a si huet eis heem geholl.

Si war ganz rosen op eis.

Mir waren trauereg d’Spill ze verpassen, mee mir hu geduecht et wier witzeg well um Enn ware mir bekannt, op der Tëlee!!!

Go Cubs!!!


Terri 21 aug 2022



0 views0 comments

Recent Posts

See All