• dnash43

Greyhound Adoption Center


Zwee Mol an mengem Liewen war ech e Volontaire an engem Veräin den mat Déieren schafft. Den éischte Kéier war et den “ The Marine Mammal Center”no bei San Francisco. Ech hatt schonn iwwer dëse Veräin geschriwwen.

Tëschent 2003 an 2006 hunn ech mäin Service am Greyhound Adoption Center ugebueden. Den GAC ass en vun villen Adoptiounsveräiner déi greyhound Hënn vun der “ racing industry” retten. Hei an Kalifornien ass et verbueden den Hënn ze kräizen, mä net zu Tijuana. Tijuana ass eng ganz grouss Stad an Mexiko déi bal 1,500,000 Awunner huet. All méiglechen Saachen kënnen do geschéien, an Greyhound kräizen geet nach.

D’Leit déi d‘ Greyhounds retten ginn all Woch bei den Caliente Agua Circuit fir si ze sichen. Dann kommen si zeréck mat den Hënn. D‘ Hënn mussen eng ganz grëndlech Untersuchung kréien. Si sinn oft ganz dënn, an heiansdo hu si Wierm.

D‘ Greyhounds si gutt Hausdéieren. Vill Leit sinn iwwerrascht dat ze wëssen. D’Leit denken datt d‘ Greyhounds ëmmer lafe mussen. Jo, et ass wouer datt si net kënnen ouni Léngt dobausse sinn, mä am Haus oder am Appartement sinn si ganz roueg — en “couch potato” Hond.

Ech war dräi Joer e Volontaire. Et war eng ganz gutt Erfarung, an ech hu vill geléiert.

Michele 14 Abrëll 2020

4 views