• dnash43

gutt Virsätz


Dat neit Joer ass d’Haaptsaison fir gutt Virsätz.

Jidderee mengt, hie kéint um Silvesterowendtëschent 23.59 an 00.00 mam Liewen nei ufänken, an virun 1 Januar all seng net-esou-flott Saache perfektionéieren oder esouguer domat ophalen.

Gesond iessen, net méi fëmmen, keen Alkohol méi drénken, net méi granzeg ginn, …..


Esou e Kabes!

Silvester Mëtternuecht ass kee magesche Moment, an derno bleiwe mir déi selwecht schwaach Leit ewéi virdrun.

“Net méi fëmmen” gëtt séier “manner fëmmen”, “keen Alkohol méidrénken” gëtt séier “manner Alkohol drénken”, “net méi granzeg ginn” gëtt séier “net esou oft granzeg ginn”.


Ech schwätzen aus der Erfarung!


An net nëmmen ech!

De George Best, e Fussballgenie, hat gesot : “1969 hunn ech mat Fraen an Alkohol opgehal : dat waren déi schlëmmsten 20 Minutte vu mengem Liewen!”

Ech sinn e pragmatesche Mënsch.

Ech weess, gutt Virsätz am neit Joer hu guer kee Wäert.

Echsinn am Fong zefridde wéi ech sinn, “Warts and all”, a wëll mech net radikalverbesseren.

Vergiess net, een dee ganz perfekt ass gehéiert an den Himmel, an ech sinn net presséiert.


Esou erlaben ech mir nëmmen ee gudde Virsaz fir 2021 : ech maachen deene feinen Damme vir wéi ee Lëtzebuergesch léiert!


Dennis 29 Dezember 2020

0 views0 comments