• dnash43

d'Hybris

Updated: Jun 16



Fir déi al Griiche waren hir Götter kauzeg an nodroend, an Hybris huet d’Götter immens geiergert. Ech sinn net awergleeweg mä….


Ech hat fir dës Woch eng Revisioun fir mäin Vëlo arrangéiert. Méindeg sinn ech laanscht dem Sauer gefuer, herno zeréck bei den Atelier a hu meng Maschinn do gelooss. Ech si mam Bus vum Atelier op Ettelbréck gefuer, dann mat engem anere Bus vun Ettelbréck op Eschduerf.

Et war e super Tour, d’Busse koume wéi mat der App op mengem Handy virgesinn, alles Zen.

Ech hunn de System fir d’Busse gemeeschtert, kloer! Mä pass op, déi al sinn iwwerall a si héieren alles….


Abee, Mëttwoch war kal ewéi eng Sau. Ech goung mam Bus bei den Atelier fir mäin Vëlo sichen ze goen. De Bus vun Eschduerf op Ettelbréck war kee Problem, mä Ettelbréck ass eng grouss Haltestell mat ville Bussen an d’Busse waarden net laang. Et koume fënnef Bussen op eemol an ech konnt mäi Bus net gesinn. Ech goung hie sichen an ech gesouch hie grad wéi hie fortgefuhr war.


Wéi gesot, ech sinn net awergleeweg, mä dat ass d’Belounung fir Hybris. Ech sinn och net paranoid, mä pass op, déi al wësse wou een ze fannen ass!


Dennis 12.Mee 2020

3 views