• dnash43

Kanner an Iessen



D’Michèle huet wärend dem leschte Potercours gesot dat Spaghetti Bolognaise ganz raffinéiert ass fir e klengt Meedchen säint Liblingsiessen.

Mä ech hu verstan dat d’Charlotte ee ganz raffinéierte Geschmaach huet.

Heiansdo méi raffinéiert wéi mäin Geschmaach. Zum Beispill, iessen ech guer keng schwaarz Oliven mä d’Charlotte hëlt dachs schwaarz Oliven als Snack mat an d’Schoul. D’Charlotte ass e ganz bravt Kand an ësst alles ausser gréng Blieder. Datt bedeit keen Zalot an keng Kraider. Méi, heinansdo ass esou ee raffinéierte Geschmaach net gutt.

Eemol huet mäin Mann eng Fläsch Wäin opgemaach an d’Charlotte huet heemlech de Stopp geleckt. Deemno huet hatt gesot dat hatt Wäin drénken well. Hatt war schockéiert wéi säi Papp nee gesot huet. D’ De Papp seet ni nee.

D’Clara huet zanter zwee Méint mat iessen ugefaangen. Hatt ass elo siwen Méint al an ësst elo Iessen mat Knäpp zanter ee puer Deeg. Hatt war e bëssen onsécher am Ufank mä geschter fir d’Owendiessen huet hatt vill Poulet mat Kakuettebotter Zoss an Nuddelen giess an duerno e ganzt Stéck Toast .

Fësch huet hatt awer net esou gär.

Mir hunn scho Fësch mat Spinat, Fësch curry, a Fëschzopp mat Mais probéiert. Déi nächst Kéier versichen ech et mat enger Kéis Zoss.

Ech hoffen dat d'Clara esou um Iessen interesséiert bleift esou datt mir kënne als Famill an ee schéine Restaurant goen.

Eve 29 Mee 2020

4 views

Recent Posts

See All

Mäin Papp

Màin Papp war e lëschteg Mënsch. Hien huet dachs Spaass gemach. Ich hunn hien Alldag vill SMS an emails geschéckt. Den éischten mol ech hunn Champagner reell Champagner an eis buro héi zu Lëtzebuerg g