• dnash43

Kiermes am Duerf

Updated: Dec 25, 2020


D’Kiermes ass e traditionellt Dëppefest fir den Dag vum Duerf sengem Patréiner, ëmmer sonndes gefeiert. Et war ganz flott fir d’Famill zesummen ze bréngen, mä et ass leider net méi esou vill gemaach.


Ech erënnere mech un d’Kiermesiessen zu Rëmeljen, d’Duerf vu menger Fra hire Famill. Mir sinn um 11 Auer fir den Aperitif bei d’Bomi komm, a mir waren ëmmer pénktlech. Mir ware vläicht zu 15 Erwuessener an 12 Kanner. D’Erwuessener hunn um 12 Auer an der gudder Stuff giess an d’Kanner an der Livings Stuff. D’Dammen hunn zervéiert an dertëschent giess.


D’Mëttegiesse war eng Kiermeszopp, derno e Brot mat gebootschte Gromperen a Geméis. An natierlech Wäin, ëmmer e gudde lëtzebuergesche Pinot gris oder Auxerrois. Den Dessert war Taart mat Schlagsan an derno eng Drëpp, eng al Poire Williams oder Quetsch. Mir hu vill geschwat, vill gelaacht a vill gedronk, mä kee war voll, dat war Eirensaach! Ech hunn den Hallschent gedronk a keng Drëpp wëll ech mat d’Lëtzebuerger net konkurréiere kann!


Géint 15 Auer goungen d’Männer an de Café fir Kaarten ze spillen a Béier ze drénken. De Café war e Bopebistro awer dat ass eng aner Geschicht. No engem Glas waren dePol an de Jos net ëmmer déi bescht Frënn an et war meng Aufgab déi zwee bei Laun ze halen, oder op mannst Diskussiounen ze vermeiden


D’Dammen hu gespullt, derno hu si ouni d’Männer gepotert. D’Männer hu gesot dat wier nëmme Fraleitsgespréich a Beschass. D’Kanner sinn natierlech bei de Fraen bliwwen.


Um 18 Auer gounge mer fir d’Owendiessen zréck. Dat war Ham mat Fritten an Zalot mat Wäin an e Stéck Taart.

Den Appetit war owes net immens an d’Fraen hu gesot, “E Kallef dat vill sëft brauch net vill ze friessen!” Nees hu mer vill geschwat a Witzen erzielt.

Um 21 Auer war d’Kiermes eriwwer, mir goungen heem.

Dat war wéi ëmmer e gemittlech Familljendag, ganz traditionell.

Ech ginn och hautdesdaags zu Rëmeljen d’Bomi besichen, mer drénken eng Taass Kaffi a poteren. D’Bomi vergiesst vill, mä si schwätzt gären iwwer déial Zäiten. D’Haus ass stëll mä heiansdo mengen ech aner Stëmmen a Gelaachs ze héieren, ganz lues.

Omei.

Dennis 5.12.20

2 views0 comments