- dnash43
Knippercher

Du weess datt ech gär kachen.
‘lo ass et Chrëschtdag an et ass meng Traditioun fir Knippercher ze maachen.
Amplaz Kaddoen ze kafen, ginn ech Knippercher. (Ech sinn de Knippercherskleeschen!)
Wëlls du Knippercher maachen?
Ech deele mäi Rezept mat dir. Wann du Froen hues, fro mech!
Zutaten:
500g Mëllech Schockela oder donkelen Schockela
150 ml Ram
500g donkelen oder hellen Kachschockela
Pudderzocker
Ganache (d’Fëllung):
An enger Pan bei mëttlerer Hëtzt, bréngt de Ram bis bal zum kachen, wärend deems kontinuéierlech réieren.
Huelt d'Pan vun der Hëtzt a maacht de Schockela derbäi.
Loosst de Schockela am Ram stoe bis e geschmolt ass, da mëscht bis eng glat Mass entsteet.
Wann de Ram an de Schockela gemëscht sinn, aromatiséiert, zum Beispill mat Kaffi, Orangen oder Kiischten. (*fakultativ)
Schëtt d’Mass an e loftdichte Behälter a killt se op d'mannst zwielef Stonnen am Frigo.
D’Knippercher maachen:
Huelt d'Ganache aus dem Frigo op d'mannst véier Stonnen ier s du d'Knippercher méchs.
An engem Bain-marie schmëlzt donkelen oder hellen Kachschockela.
Wärend de Schockela schmëlzt, pudder d'Hänn mat Pudderzocker.
Kraazt en Téiläffel vun der Ganache erof a rullt e mat den Hänn zu engem Ball.
Setzt en op Wuesspabeier.
Rullt all d'Ganache.

Huelt de Ganacheball op e Schaumläffel an taucht en an de Schockela . Loosst de geschmolte Schockela aus dem Läffel drëpsen, a leet de Schockelasball dann op e Blat Wuesspabeier.
Wann du wëlls, kanns du elo dekoréieren.

Ofkille loossen.
D’Knippercher sollen ni am Frigo stoen. Lagert se an engem loftdichte Behälter. (Oder iesst se!)
‘lo ass et Zäit fir e gutt Glas Wäin....

terri schmit
11.12.2022