• dnash43

Lëtzebuergesch, eng lieweg Sprooch

Updated: Mar 21




Lëtzebuergesch ass eng gemittlech Sprooch, eng Sprooch fir de Klaatsch an net fir d’Poesie.

Net d’franséisch Eleganz, net de däitsch Genauegkeet, awer eppes hausgemaach, mat engem Humpen ze genéissen.

Natéierlech, Lëtzebuergesch ass am Fong geholl en Dialekt, e Plattdäitsch mat franséischer Ajoutten. Ze buchstawéiere war et net definéiert bis ca 1980, an d’Lëtzebuerger wéi meng Fra hunn ëmmer Probleme fir hir Sprooch korrekt ze schreiwen.

Dat ass geckeg wann een denkt, Lëtzebuerger, déi wirklech méisproocheg sinn, hunn awer Schwieregkeete mat der eegener Sprooch!

Fir mech, d’Sprooch reflektéiert de lëtzebuergesche Charakter.

D’Lëtzebuerger siche léiwer Konsens wéi Buttek, si hu gär Kommiteeën.

Eis grouss Nopere si Frankräich an Däitschland, deemno huet Lëtzebuergesch Accente wéi Franséisch an Ëmlaute wéi Däitsch.

Net nëmmen dat, méi däitsch wéi d’Däitsch, mir setzen en Umlaut op e fir ë ze gi ; mir sinn awer keen Däitsch, mir wolle bleiwe wat mir sinn!

D’Lëtzebuerger hu Verbueter net gär.

Majo, d’Sprooch erlaabt Wierder mat franséischer Origi wéi Kaméidi, Wierder mat däitscher Hierkonft wéi Sträit, a Wierder vum Volleksmond wéi Buttek; mai Libling ass Ekipp.

Flexibel muss et och sinn : de Conditionnel fir sinn ass wier oder wär, esou huet jiddereen de Choix oder d’Wiel!

Hautdesdeegs muss een aktuell sinn, d’Zäit bleift net stoe, Lëtzebuergesch och net.

E Wonner, e Wonner, mir hunn eng nei Orthografie!

Et wär paranoid ze soe, wann ech ufänken d’Sprooch ze verstoe , SI changéiere si.

Esou uerg ass et net, awer bal!

OK, dat ass Progrès, mee ass d’Welt eng besser Plaz wa mir “wannechgelift (wgl)” soen amplaz “wann ech gelift(weg)”?

Och d’helleg LOD bleift net verschount.

Fir eng Sprooch ze selektéiere hate mir DE, EN, FR, LU, logesch.

Dat war zevill einfach; elo hu mir DE, EN, FR, LB.

LB, wat kann LB sinn?

"Lëtzebuerg = Banken", oder "Lingua Barbarica", oder "Leschte Bus" vläicht?

Nee, et kann nëmme "Lëtzbuergesch Béier" si – Prost!


Dennis 22 Feb 2020

5 views