• dnash43

Lëtzebuergesch léieren

Updated: Jul 14



Lëtzebuergesch léieren ass net esou einfach.


Ech hat geduecht, Lëtzebuergesch ass nëmmen Däitsch mat lëtzebuergeschem Akzent, mä do war ech um Holzwee!


Eise Cours ass deels mëndlech, mä mir schreiwen och all Woch eng Hausaufgab. Ech fannen et immens interessant op Lëtzebuergesch ze schreiwen, mä och immens kriddeleg well mat eppes Geschriwwenem ass net ze fuddelen!


Ech probéieren op Lëtzebuergesch ze denken an ech schreiwe fir d’éischt spontan, „vun der Long op d’Zong“. Heinsdo sichen ech vläicht e Wuert vum LOD, eiser Bibel. Derno kontrolléieren ech jiddwer Wuert fir d'Rechtschreiwung, d‘Geschlecht vum Wuert, de Sazbau, alles. Nëmmen in extremis stellen ech eng Fro op Slack, well d'Liz d’lescht Instanz ass. Als lescht kënnt de Spellchecker, deen nach e puer Feeler fënnt. Schlussendlech kann kee Feeler méi do sinn an ech schécke meng E-mail un d’Claudia.


Mäin Text kënnt gläich zeréck, mat immens ville Feeler déi markéiert sinn: d’Claudia huet Ae wéi en Adler! Schlëmmer nach, meng Feeler si meeschtens noléisseg Dommheeten!

OK, kee Mënsch ass perfekt.

Mä “Hope springs eternal in the human breast”. Meng nächst Hausaufgab kënnt sécher zeréck ouni déi ellen giel Flecken!


Dennis 10 Juli 2020

8 views