• dnash43

Mäin Hausdéier

Updated: Feb 12



Mäin Hausdéier ass en Hond. Mee hien denkt datt hie wéi e Mënsch ass. Heiansdo denken ech dat och.

Hien heescht Pokie, hien ass sechs Joer al hien huet eng jonk Séil.

Wéi ech de Pokie adoptéiert hunn, hat hie vill Angscht.

Hie war nëmmen ee Joer al an hien hat schonn fir néng Méint an dem Déierenasyl an Texas gewunnt.

Texas ass ganz wäit vu Wisconsin, bal 1,200 Meilen!

Hien hat e Rendez-vous fir d’Euthanasie ze kréie mee an der leschter Minutt koumt eng Famill déi him adoptéiert hat.

Allerdéngs no zwee Méint konnt d’Famille hien net halen well geschwënn e Bëbee koumt an et ze vill Aarbecht fir d’Famill ze gouf, mat engem neie Bëbee an och engem neien Hond.

Sou hu se hien zréck an d’Déierenasyl bruecht. :-(

E puer Léit vun der Déiererettung an Texas hu vill Hënn gerett.

Si wollten Haiser fir se fannen.

Si hunn d’Hënn a vill Staaten gefouert fir Haiser ze fannen.

Hei a Wisconsin hat d’Déiererettung en Adoptiounsdag an ech hunn de Pokie do fonnt. Hie hatt Angscht.

Et waren ze vill Léit a ze vill Hënn do!

Pokie wosst net wat geschitt.

Wéi ech de Pokie do gesinn hunn, sou angschtlech a kleng, wousst ech datt ech hien géif heemhuelen. :-)

Wéi mir heemkomm sinn, huet mäi Mann gefrot ,,Wiem säin Hond ass dat?”

Ech war ganz frou an ech hu gesot ,,Hien ass eisen neien Hond!” ...Mäi Mann war ganz iwwerrascht an e bësse rosen.

Ech realiséieren elo datt ech et fir d’éischt mat him sollt diskutéieren...mee ech hunn dat net gemaach a mir haten en neien Hond.

Dat war dat.

Dëi éischt Woch war net einfach.

De Pokie hat Angscht, mäi Mann huet sech opgereegt an ech war an der Mëtt.

Elo, fënnef Joer méi spéit, si mir zesummen iwwerall wou mir ginn.

Mir maachen alles zesummen a mir sinn eng Famill.

Ech hoffen dëse Summer een aneren Hond ze kréien. Awer fir d’éischt diskutéieren ech et mat mengem Mann!

terri schmit

6.2.2021

2 views0 comments

Recent Posts

See All