• dnash43

Mäin Hobby



Ech war ëmmer eng Kënschtlerin. Wéi ech jonk war, hunn ech ëmmer gemoolt. Ech hu Skulpture vu ville Saache gemaach. Ech hu gesongen a Musek gespillt. Ech sinn e riets-gehier Denker. Haut molen ech nach, mee ech mole mat Stoft. Elo ass mäin Hobby ze bitzen.

Virun dräi Joer hunn ech déi éischt Steppdecke gebitzt. Et war fir mäi Brudder a seng Fra. Si hu just en neit Haus kaaft an d’Steppdecke war ee Kaddo fir d’neit Haus. Dat war e groussen éischte Projet! Ech hu Joren un der Steppdecke gebitzt.

Mäi Bitzzëmmer ass ganz schéin. Et ass net sou grouss, mee grouss genuch. Et gëtt sechs Fënsteren an et ass ganz hell. Am Bitzzëmmer ass Plaz genuch fir dräi Bitzmaschinnen, en Dësch fir de Stoft ze schneiden, e Schaf fir de Stoft an eng Mauer fir den Design ze maachen.

Frees de dech firwat ech dräi Bitzmaschinnen hunn? Eng Bitzmaschinn ass nëmme fir ze quilten. Et ass eng grouss Maschinn mat vill Raum fir d’Steppdecken ze quilten. Se heescht “The Behemoth.” Déi aner zwou Maschinne (si heesche Pearl an Ollie) si fir méi kleng Stécker uneneen ze bitzen. Wann d’Stécker all unenee sinn, da quilten ech déi grouss Steppdecken.

Heiansdo hänken ech Stoft un d’Designmauer. Et hëlleft mir mech ze entscheede wéi eng Faarwen ech benotzen a wéi ech d’Stécker zesumme setzen. Mat zwou klenge Bitzmaschinnen brauch ech net sou oft de Fuedem ze wiesselen; all Bitzmaschinn huet eng aner Faarf. Méi effikass.

Ech bitze bal all Owend nom Owesiessen. Iwwerdeems ech bitzen, lauschteren ech och e Podcast. Et ass ganz erhuelsam.



terri schmit

8 November 2020

2 views