• dnash43

Mäin Hond, meng Liewen

Updated: Mar 19



D’Hélène ass jonk, gescheit a sympathesch.

Si ass am Rollstuhl.

Mir haten hiren Hond fir 3 Wochen.

Ech iwwersetzen e Stéck dat si fir den ASA asbl Website geschriwwen huet.


“De Bléck vum Assistenzhond Midas, e Golden Retriever vun 3 Joer, hëlleft mir zënter 1 Joer a 3 Méint am Alldag.

Ech probéieren him mengersäits e gutt Liewen fir en uerdentlechen Hond ze ginn.

Mir gi vill zesummen eraus, hie mécht Dommheete wéi all Hond a spillt mat aneren Hënn wärend ech mat hire Proprietäre schwätzen.

Natéierlech, zitt de Midas d’Opmierksamkeet mat senger Uniform a senger kultivitéiert Ausstralung un.

Jidderee bewonnert de Midas wann hie mir hëlleft, mäi Paltong auszedoen, wann hien d’Dier zoumécht oder eppes ophieft dat ech fale geloos hunn, zum Beispill en 1 Cent Stéck, e Smartphone,…

Awer natéierlech, ass hien dofir ausgebilt!

An déi 3 Joer Ausbildung waren net ëmsoss!

Dogéint, kann een e Bléck ausbilden?

Ech explizéieren.

E puer mol, och ganz fréi an eis Zesummenliewen, hunn aner Hondsproprietären gesot, “Oje, wéi hien Dech kuckt, et kéint ee soen, hien ass ganz frou mat dir!”

Hënn sinn natéierlech frou mat hire Proprietären, a kucken si léif un, awer net esou konzentréiert wéi mäi Midas mech ukuckt!

Dat fänkt een net mat der Kamera op, well den Apparat stéiert.

OK, et kann och sinn, datt seng Léift heiansdo méi fir d’Leckerlien a menger Posch ass!

Awer net nëmmen!

Et ass vläicht anthropomorphesch, mee ech weess, säi Bléck seet “Ech hunn dech gären”, oder “Wat kann ech fir Dech maachen?”

Egal, eent steet fest, kee Wiesen huet mech esou ugekuckt, weeder Kaz, nach Hund, nach Mann!

“D’Léift am Häerz vun engem Hond ass déi gréisst Léift déi et gëtt!”

Wouer fir den Hond, nach méi wouer fir den Assistenzhond!


Dennis 8 Maerz 2020

5 views