• dnash43

Medezinesch Versuergung

Updated: Mar 19




15 Feb 2020 Medezinesch Versuergung

Ech schwätzen hei vun der organiséierter Versuergung, verfügbar fir jiddereen, déi Aarm als och fir déi Räich.

Fir esou e Service iwwerall disponibel ze maache, muss et obligatoresch sinn, a vum Staat organiséiert ginn.

D‘Generaliséierung ass ëmmer geféierlech, awer ech mengen Europäer, dat heescht Westeuropäer, an Amerikaner hunn aner Attitüden.

Ech gleewen dattindividuell Fräiheet helleg fir d’Amerikaner ass, deemno ass de Konzept vun obligatoresch, staatlech organisiert medezinesch Versuergung eng Bedroung fir si.

Den Theema bleift delikat : Hilary Clinton, Barak Obama, Donald Trump,...

Mir Europäer si bereet, eppes Fräiheet ze affere fir dat allgemengt Wuel, wann et genuch bréngt, a medezinesch Hëllef ass fir eis e Mënscherecht.

Esou e System ass Réalitéit fir ganz West-Europa zënter 50 Joren.


Wéi funktionéiert esou eng System?

Hei zu Lëtzebuerg hu mir en eenheetleche System, déi Operationen, Aen, Zeng, Ouren etc hunn erfaasst.

Jidderee muss Assurance an d’Krankekeess bezuelen.

Den Tarif ass ca 2,5% vum Loun, de Patron bezuelt 2,5% dobäi ; Nelly an ech bezuelen 2,5% vun eise Renten un d’Krankekeess.

Mir ginn bei den Dokter dee mir decidéieren, bezuelen hien direkt, a kréie vläicht 90% zrëck vun der Krankekeess.

Medikamenter, subventionéiert vun der Krankekeess, bezuele mir an der Apdikt.

Wann d‘spezialiséiert Erfarung hei zu Lëtzebuerg feelt, d’Krankekeess bezillt d‘Kaschte fir den empfielene Spezialist im Ausland.

Et gëtt natéierlech Aschränkungen, méi déi si verständlech ; e Brëll muss 3 Joer halen, kosmeetesch Zantbehandlunge ginn net bezuelt, etc

D‘Nelly an ech bezuelen zousätzlech Assurance bei der Caisse Chirurgicale fir d‘Käschte bei rapatréiere vum Ausland oder Ambulanze, soss ass net vill Privat Assurance.

Voilà, dat ass eise System.

- En ass fir jiddereen do.

- Et ass einfach.

- Ech hunn nimools seriö Kritik héieren.

Akzeptéiert, Lëtzebuerg ass räich, eise System funktionéiert gutt, awer de Prinzip ass iwwerall dee selwechten.

Wien ass dovu bedrot?


Dennis 17 Feb 2020

20 views