• dnash43

meng Akafsgewunnechten



Ech hunn ëmmer gemengt, eisen Akaf ass immens einfach, mir ginn nëmmen eemol an der Woch an de Supermarché fir eis Kommissiounen ze maachen.

Majo, elo iwwerleeën ech wéinst meng Hausaufgab.

Eemol d’Woch gi mir an de Supermarché, dat stëmmt.

Dozou gi mir och Kéis an Ham an d’Epicerie am Duerf kafe wëll si besser schmaachen. Jo, de Brie vun dem Supermarché ass gutt, mä déi aner Kéiser sinn a kleng Portioune geschnidden, an hunn net vill Goût.

D’Baguettë vun der Epicerie sinn och gutt.

Eemol an der Woch kënnt eng Epicerie op Rieder, wat ech “Meals on wheels” nennen.

Dat ass en däitscht Geschäft aus der Eifel a si hu gutt Eeër a Botter.

Si hunn och e ganz gudden däitsche Rosé als Alternativ zum italienesche Primitivo aus dem Supermarché.

An der Tankstell wou mir tanke gi kafe mir gedréchent Mangostranchen.

Déi fanne mir néierewou soss.

Dann, natierlech, si mir Téidrénker, an Teabags sinn net akzeptabel, si si mat Stëbs gefëllt.

Den Téi aus dem Supermarché huet och net vill Goût.

Ech hu vill mat Téien experimentéiert bis ech eng indesch Firma fonnt hunn.

Si hunn een immenst Sortiment vun Téien, schwaarzen “English breakfast” fir moies, mä och Chai mat verschiddene Gewierzer, an hir Téie komme frësch agepaakt vun Delhi.

E Genoss, an ech kann iwwer den Internet bestellen.

Ech ka vläicht net méi behaapten datt akafe fir eis esou einfach ass, mä et gënnt eesech soss guer näischt!

Dennis 30 Abrëll 2021

0 views0 comments

Recent Posts

See All