- dnash43
meng Alimentatioun

Meng Alimentatioun ass méi wéi just wat ech iessen. Et ass och verbonne mat mengem Selbstwäert a menger Stëmmung vum Dag. Wann ech e Kilo méi hu wéi ech wëll, da sinn ech guer net frou. Elo sinn ech net méi esou spartanesch wéi wéi echméi jonk war, mee et blèift nach e bësse sou.
Fréier wéi ech eng Therapeutin war, hat ech eng Cliente déi esou eng schéi Fra war—en Infermiére, a si huet och dee selwechte Saz iwwer dee Selbstwäert zum mir gesot. Ech hu geduecht, ‘O Mamm, vläicht sinn ech net déi richteg Therapeutin fir si”. Awer dat war net den eenzege Sujet, iwwer dee si schwätze wollt. Dofir hu mir weider gefuer.
Wärend deene lescht 12 Méint, hunn ech e “Corona Kierper” kritt. Dat ass net iwwer Nuecht geschitt, mee ech hunn een oder zwee Kiloe (oder méi) lues a lues méi bäigeholl. Firwat? Ech drénke méi, an ech iessen e bësse méi well ech mech langweilen. Dann op eemol ass et genuch!! Ech akzeptéieren datt ech net ka méi schlank ginn ouni manner Wäin ze drénken. Dat ass awer schued, mee et muss esou sinn! ☹️
Ech hunn och eppes um Amazon kaaft dat “Probiotic Thin” heescht. Elo, drénken ech nëmmen en halleft Glas Wäin am Dag, and ech iessen näischt no 3 Auer. Elo sinn ech nëmmen anerhallwe Pond vu mengem Zil ewech..
Ech wëll gutt gelaunt sinn, wa mir op San Diego ginn!
Michele, 20 Mäerz 2021