• dnash43

Meng Geschicht


Ech sinn zu Lëtzebuerg gebuer. Méi genee, ech sinn an der Stad, an engem Haus an der Rue Albert Premier gebuer. D’Haus war menger Boma säin Haus, a mäi Monnie war Doktor. Meng Eltere waren allen zwee Lëtzebuerger. Meng Cousine, d’Jacquie, lieft nach an dem Haus.

Ech hunn zwee Schwësteren déi méi al wéi ech sinn. D’Marie-Paule, am eelsten, an d’Anita, wiem dräi Joer méi jonk wéi d’Marie-Paule ass. Si wäre 7 an 10 jour al wéi ech gebuer sinn.

Mäi Papp huet am Familljebetrib zu Ettlebruck geschafft. Den Betrib ass Pitz-Schweitzer Distellerie. Et ass nach an der Famill.

Wéi ech knapps dräi Joer gehat hat si meng Elteren an eis dräi Kanner an Amerika geplennert. Meng Bomi, d’Mamama, ass mat eis komm. De Plang war fir si 6 Woche mat der Famill bliwwe wier, éier se zeréck op Lëtzebuerg gaange wier.

D’eescht siwe Jore ware ganz schwéier, an mir si bal zeréck zu Europa gaangen. Mee endlech huet mäi Papp de Succés fonnt, an d’Léiwen an Amerika ass weider gaang. Wärend menger Kandheet hu mir vill Reesen zeréck zu Lëtzebuerg gemaach.

Wärend menger ganz Kandheet war Lëtzebuergesch ëmmer Doheem geschwat, mee wéi ech fennef oder sech Joer al war, wollt ech net méi Lëtzebuergesch schwätzen. Meng Eltere war ganz enttäuscht, a jiddereen hat probéiert mat mir Lëtzebuergesch weider ze schwätzen, mee et ass net gaangen. Dofir, war ech déi eenzeg Persoun a menger Famill déi Lëtzebuergesch net geschwat konnt. Ech hunn ëmmer einfacht Lëtzebuergesch verstanen (d’Anita nennt et “kitchen table” Lëtzebuergesch well et ëmmer mam Stot ze dinn huet), mee ech wousst net méi wéi ee ”Moien” seet.

Elo, hei sinn ech. Elo sinn et esou vill Course fir Lëtzebuergesch ze léieren. An ech hunn och gudde Frënn kenne geléiert.

Eppes e bësse méi rezent— Ech sinn zënter 4 Joer pensionnéiert. Fréier war ech Psychotherapeut. Ech si bestuet, an mir hunn zwee Hënn.

Michele Sept 2020

2 views