• dnash43

Wat ech méi al ginn, wat ech manner ech iesse kann....

Updated: Mar 24

Wéini ëss du? A wéi vill? Ëss du ëmmer dat selwecht Iessen? Ech mengen net.

Sou ass et net einfach iwwer meng Iessgewunnechten ze schreiwen.

Mee ech kann dir dat soen:

Obwuel ech bestuet sinn, iessen ech seele mat mengem Mann. Mir iesse zu verschiddenen Zäiten a mir iesse verschidde Liewensmëttel.

Normalerweis drénken ech kee moies Kaffi. Moies fréi drénken ech nëmmen Téi. Ech drénke kee Kaffi mat mengem Mann. Ech iessen normalerweis géint 11 Auer – eng Schmier mat Mandelsbotter a Gebees oder e bësse Müsli mat Mandelsmëllech. Mäi Mann ësst ganz fréi. Hien ësst ëmmer Fleesch. Fir de Kaffi drénkt hien eng Taass Kaffi an hien ësst ëmmer eng Banann. Dann ësst hie Wurscht oder Speck mat Ëeer déi hien an d’Pan schléit. Ech denken dat ass ze vill!

No menger Schmier sinn ech net méi hongereg bis ëm fënnef Auer. Mee ëm zwou Auer drénken ech endlech Kaffi an naschelen eppes –Uebst oder Nëss, oder Kéis a Cracker. Fir d’Owesiessen hunn ech dacks Zopp oder Zalot mat engem Glas Wäin. Ech probéieren net no sechs Auer z’iessen.

Dat sinn de perfekt Iessgewunnechte fir mech. Mee et ass langweileg an ech kachen gär.

Sou wann ech eppes Spezielles kache wëll, kachen ech zwee Owesiessen, eent mat Fleesch an eent ouni Fleesch, a mir kënnen zesummen iessen.

Obwuel ech gär kachen, freeën ech mech ërem an engem Restaurant z’iessen ---no den COVID!

Terri, 21 Mäerz 2021

2 views0 comments

Recent Posts

See All