• dnash43

Meng Iessgewunnechten



Meng Iessgewunnechte follegen dem Prinzip vum Yin Yang. Engersäits uerdentlech, disziplinéiert, anerersäits chaotesch, kreativ,…

All Kierper huet eng ënnerlech Steierung fir d’Gewiicht konstant ze halen. Fir mech huet den Här Gott d’Steierung leider op 90 Kilo gesat, obwuel ech gär 80 Kg hätt. Esou ass de Chaosvirprogramméiert.

Ech sinn zimmlech integréiert hei zu Lëtzebuerg, an ech iesse gär wéi d’Lëtzebuerger, vill a gutt. Natierlech, fir schlank ze si soll ech besser wéi e buddhistesche Mënch iessen, wéineg a seelen. D’Iessen ouni Zocker, ouni Fett an ouni Salz ass gesond, awer O Mamm O Mamm et ass langweileg, an heiansdo gëtt et een Ausrutscher! Et lieft een net méilaang mam moere Regimm, awer d’Liewe schéngt méi laang ze sinn!

Ech hunn och aner Problemer mam Iessen. Et ass eise Charakter alles z’iessen, inklusiv Fleesch. Ech iesse gär Fleesch, awer ech si géint industriell geziichten Déieren. Ech fannen déi vegan Ernärung am Prinzip attraktiv, awer ze komplizéiert. Eng Ernärung ouni vill Fleesch awer mat Kéis, Eeër a Mëllech wär e gudde Kompromëss.

D’Wëld ass fir mech och akzeptabel. D’Déieren hu ganz normal gelieft, derno si si geschoss ginn, e natierlecht Liewen. Datt d’Jeeër Spaass vum dout maachen hunn ass bedenklech, awer de Konsum vum Fleesch net. Esou iessen ech e bësse Wëld an net vill produzéiert Fleesch, bestëmmt manner wéi virdrun. Fir éierlech ze sinn, heiansdo gëtt och e Bifdeck giess!

Esou ass alles mam Iesse komplizéiert fir mech, ech hu keng kloer Linn. Et bleiwen nëmmen d’Kompromësser, wéi ëmmer, net esou gutt wéi erhofft, net esou schlecht wéi gefaart!

Ech soll wat ech kann, awer ech däerf net all dat eat ech wëll!


Dennis 19 Mäerz 2021

0 views0 comments

Recent Posts

See All