• dnash43

meng Liblingsschauspillerin



Ech kucken net vill Tëlee, ech ginn net oft an de Kino an ech kucken nëmmen e bësse Netflix.

Awer, wann ech e Film kucke wëll, hunn ech léiwer eng däischter Comedy oder e Film Noir.

Viru kuerzem hunn ech e puer Filmer mam Melissa McCarthy fonnt, déi sinn usprochsvoll, komesch an och witzeg.

Ech hunn d’McCarthy fir d’éischt am “Mike and Molly” gesinn an hunn net vill un déi Serie geduecht.

Dunn hunn ech hatt am Saturday Night Live gesinn an ech hu geduecht datt se sou witzeg wier wéi de Sean Spicer.

Oh Mamm!


Elo fannen ech datt d’Melissa McCarthy vill verschidde Personnagen a Stëmmunge spille kann.

Si kann Hoffnung a Witz an däischter Situatioune bréngen, awer och ganz emotional Theeme spillen.

Ee vu menge Liblingsfilmer ass “The Starling.”

Et geet ëm eng Koppel där hier Duechter stierft, an d’Verännerungen an d’Problemer déi domatter kommen.

Et ass batter traureg a witzeg zur selwechter Zäit.

D’Melissa McCarthy ass eng vun den héchst bezuelte Schauspillerinnen zu Hollywood.

Si ass Member vun der 40x40 Grupp, déi Frae mentoréiert, déi an d’Aarbechtswelt erakommen.

Si huet och eng Moudelinn fir Plus-Size Fraen ugefaang.

Si huet meng Bewonnerung a mäi Respekt souwuel als Schauspillerin wéi och als Mënsch.

terri

20.3.2022

1 view0 comments

Recent Posts

See All