• dnash43

meng Liiblingsbuch


De “Music hall” war eng vulgär, sentimenal Animatioun immens beléift vum gewéinleche Vollek aus dem victorianesche London, de Cockneys. D’Lidder waren d’Hits vun deemools, an d’Kënschtler waren d’Popstars.

De John Major war spéiderhin de Premier vun England, awer seng Eltere ware Kënschtler am Music hall, eng Geschicht fir sech! Säi Buch iwwer d’Music halls ass immens gutt recherchéiert, wéi ugeholl vun esou enger Persoun, mat villen Anekdote vun de Kënschtler, an ass och echt.

Ech kennen d’Nimm vu ville Kënschtler, wéi den Harry Champion, den Harry Lauder, d’Nelly Wallace, d’Kate Carney,…! Meng Groussmamm a meng Mamm hunn d’Lidder vun deemools am Haus gesonge wéi ech e Kand war, an ech kennen déi ëmmer nach!

Esouguer den Titel vum Buch ass witzeg fir e Cockney wéi ech. Fir e Cockney Här ass “My old man” (mäin ale Mann) säi Papp. Fir eng Cockney Damm ass “My old man” hire Papp oder hire Mann. An eent vun den ale Lidder ass “My old man said ‘Follow the van’” (Mäin ale Mann sot ‘géi der Camionette no’) awer dat ass och eng aner Geschicht!

Wéi ech en Teenager war, goung ech mat menge Frënn heiansdo samschdes owes an en traditionelle Londoner Pub. Do huet eng Damm dei al Lidder um Piano gespillt a gesongen, a mir hu matgesongen. Dat war déi klassesch Cockney Kultur, jiddweree war gutt drop, a mat engem hallwe Liter Béier ware mir fir den Owend zefridden. Happy Days!

Spéider, wéi ech selwer kleng Kanner hat, hunn ech d’Lidder fir si virum Schlofegoen gesongen.

Dëst Buch ass voll mat gléckleche Souvenire fir mech!

Dennis 30/06/21

1 view0 comments

Recent Posts

See All