• dnash43

meng Liiblings - musek


Fir mech waren d’Dire Straits déi bescht Rockband. Si haten de Klang, si haten de Rhythmus, a si haten de Mark Knopfler!


De Mark Knopfler huet Lidder geschriwwen, hie war de Frontmann mat eegenem Stil, an hie war vläicht de beschte Gittarspiller vun eiser Zäit. Ech hunn e Concert mat enger Cover Band vun Dire Straits erlieft. Si waren immens gutt, si hunn déi Dire Straits Lidder gutt gespillt, et war exzellent, awer de Mark Knopfler war net do!


Et gëtt vill super Lidder vun Dire Straits, awer de non-plus-ultra ass “Sultans of Swing”, déi 10 Minutte Versioun aus dem Album “Alchemy”, live bei einem Concert zu London opgehol. D’Lidd erzielt eng Geschicht, an et duecht een, dat war fäerdeg. Awer du fänkt de Mark Knopfler un, e Solo zu spillen, laang a mat immens variabele Stiler, en Tour de force. Den Auditoire war geckeg! Besser Rockmusek gëtt et net!


Ech hunn och e klassesch Liiblingsstéck. Dräi begaabt multikulturell Artisten hu kooperéiert fir e Stéck zesummen ze produzéieren, wéi déi besser bekannt Dräi Tenoren. Déi dräi sinn net nëmmenA rtiste vu Qualitéit, si sinn och talentéiert Linguisten. Mat technesche Raffinessen hu si déi definitiv lëtzebuergesch Versioun vu “Sweet home Schlannermarnech” gemaach. Chapeau!


Dennis 16/06/21

0 views0 comments

Recent Posts

See All