• dnash43

Meng Liiblings - musek


Ech war véier Joer al an ech souz ganz roueg niewent menger Bomi wéi se Zither gespillt huet.

Et misst een ëmmer roueg sinn, wann d’Musek gespillt huet.

Op déi Manéier, hunn ech d’Wichtegkeet vum Nolauschtere geléiert.

D’Musek war heiansdo Klassik an heiansdo Volleksmusek, mee ëmmer ganz flott.

Wann ech d’Zither elo héieren, ass d’Undenken sou staark datt ech menger Bomi hiren Doft richen.

Vlächt ass d’Zithermusek meng Liiblingsmusek.


Mäi Papp huet Trompett gespillt.

Mengem Papp seng Musek war ëmmer ganz frou, séier an haart.

Hien huet amerikanesch Musek gespillt.

Se heescht “Dixieland Jazz” a wéi hie gespillt huet, koum jiddereen fir ze lauschteren an ze danzen.

Mir hunn dunn zu Chicago gelieft an ech erënnere mech datt de Louis Armstrong a mäi Papp eemol zesumme gespillt haten.

Et war sou vill Spaass, jiddereen huet gedanzt, gesongen a laachen.

Wann ech haut d’Trompett héieren, fillen ech d’Vibratioun vum Schall an der Broscht an erënneren ech mech u mäi Papp.

Vläicht ass dat meng Liiblingsmusek.


Meng Mamm huet vill Instrumenter gespillt, mee meeschtens huet si Piano gespillt. Si kéint Klassik, Pop, Jazz, Blues - all Typ vu Musek spillen.

Si kéint sou séier spillen!

Oder si kéint sou lues an trauereg spillen, datt ee kräisch kéint.

Menger Mamm hire Piano ass hei.

Wann ech drop spillen, sinn ech a Gedanke bei hir an ech si ganz frou.

Vläicht ass d’Pianosmusek meng Liiblingsmusek.


Mee meng Mamm huet och Akkordeon gespillt.

Sonndes hu vill Leit an der Noperschaft Polka zesumme gespillt.

Dat war eng gutt Zäit!

Den Toun vum Akkordeon ass sou déif a menger Séil, vläicht ass dat meng Liiblingsmusek.


Ech spille vill Instrumenter mee ech hu am längste klassesch gittar gespillt.

D’Gittar ass e ganzt schwéiert Instrument fir ze léieren.

Ech krut meng éischt Gittar wéi ech sechs Joer al war an ech hunn zanterhier Gittar gespillt.

Et ass egal ob d’Musek Klassik oder Jazz, Blues oder Pop ass.

Ech hu se all gär gespillt, mee ech hu klassesch gittar op der Uni studéiert.

Awer 2015 hunn ech mech um Aarm blesséiert a kann net méi spillen. :-(


Mäi Liiblingsklassiksgittarist ass de John Williams.

Hie spillt vill Musek mat Orchester an dat as sou schéin.

Awer neen, d’Ana Vicovic ass haut déi bescht Klassiksgittaristin op der Welt.

Si ass meng Libblingsklassiksgittaristin.

Si kënnt aus Kroatien.

Hiren Toun ass wéi en Engel sangen ze héieren.

Mee et ass onméiglech fir nëmmen ee Liiblingsgittarist ze hunn!

D’Rory Block spillt a séngt ganz gutt Blues.

Den Andrew York ass e super moderne Komponist fir Gittar.

Den Eric Claption, de Mark Knopfler a sou vill méi!

Ech ka kee wielen!

Jo, ech denken dat as meng Liiblingsmusek.

Ech gi léiwer op kleng klassesch Gittarsconcerten an ech probéieren ëmmer an der éischter Rei ze sëtzen! Dat ass ganz no am Himmel ze sinn.


terri schmit

12.6.2021

2 views0 comments

Recent Posts

See All