• dnash43

meng Rees a Senegal



D’Rees war fir d’EBS asbl, e Veräin fir Schoulen am Bësch a Senegal ze bauen.

Dat wär zevill fir hei alles ze erzielen, esou schreiwen ech nëmmen e puer Cameoen.

De Fëschmaart zu M’Bour.


D’Booter si mat Handaarbecht ofgeluede ginn, d’Fësch si vun Damme mam Knäip um Strand gebotzt ginn an iwwerall si Mécken an de Geroch vun de Fësch.

Hei kritt een d’Fësch direkt ze kafen oder si gi mat riisige Camionen transportéiert.

D’Hygiène gëtt grouss geschriwwen!



D’Toilette fir d’Proffe vun enger Schoul am Bësch

Tatsächlech e ganz proppere System, immens praktesch.

Een Nodeel, sech sëtzen ass net virgesinn, an huppen ass nëmme fir Yoga Spezialiste méiglech.

Ee Bistro am Bësch

Senegal ass islamesch, an ee Moslem drénkt keen Alkohol.

Heiansdo fënnt een ee Bistro am Bësch a kann e Béier drénken.

Vläicht sinn d’Bistroen nëmme fir d’Katholiken do.

Transport am Bësch

Dat bescht wou et keng Stroosse gëtt, nëmme Pisten a Stëbs.



Eng Reunioun

Eng Reunioun dobaussen ass méi relax awer net manner seriö.

Den Här mam gréngen T-Shirt mécht fir eis een senegaleeseschen Téi mat Mousse : staark, séiss an immens lecker.

Eng EBS Schoul am Bësch

Den Haaptgrond fir eise Besuch war e puer vun eise Schoulen am Bësch zu besichen an ee Projet ze preziséieren.

Hei si Klassen déi mir scho finanzéiert hunn : eng einfach Schoul fir ettlech Dierfer zesummen.

Eng provisoresch Klass

Si hunn zevill Kanner fir 2 Klassen, esou hu si eng provisoresch Klass gemaach.

Hei léieren Kanner mat 6 Joer Franséisch.

Mir hunn e Klassenzimmer hei finanzéiert.

Hei e Link op e kleng Video

https://drive.google.com/file/d/1zIk3r7bGvLTwKXiHFHUYcAbuJKx_IQRP/view?usp=sharing

Fazit


Esouvill ze dinn!

Ech kéint esouvill iwwer d’Rees schreiwen, iwwer Senegal, iwwer eis Veräin,…..



Dennis 15/01/22

0 views0 comments

Recent Posts

See All