• dnash43

Meng Schwëster d’Anita

Updated: Jul 20



D’Anita war wärend dem Zweete Weltkrich op d’Welt komm. Et war och wärend d’ Occupatioun vun den Nazien zu Lëtzebuerg. D’Geschicht ass dat d’Anita op d’Welt koum mat der Hëllef vun enger Däitscher Hiewan. Een denkt ni iwwer d’Gefiller vun dëser Situatiounen.

D’Anita ass wéi eis Mamm— Blond Hoer mat bloen Aen. D’Marie-Paule an ech si méi wéi eis Papp, mat donkelt Hoer, an brongen Aen. Wéi meng Mamm schwanger mat d’Anita war, huet ee vun den Nazi Soldate gesot dat si eng ideal Fra wär, fir dem Hitler seng “Lebensborn” Plang. Natierlech, meng Mamm hat vill Angst iwwer dëser Äusserung.

D’Anita war 10 Joer al wéi mir an Amerika geplënnert sinn. Dofir war hatt schonn zu Lëtzebuerg an der Schoul gaang. Hatt ka fléissant Lëtzebuergesch schwätzen, a kann och Franséisch an Däitsch schwätzen, mee net esou gutt wéi d’Marie-Paule. Hatt ass ganz Amerikanesch, an d’Leit sinn ëmmer iwwerrascht wa si héieren datt d’Anita net hei an Amerika gebuer war.

D’Anita ass nëmmen dräi Joer méi jonk wéi d’Marie-Paule, mee si si ganz anescht ee vun eneen. D’Anita war ëmmer schonn e bësse rebelliéis, an d’Marie-Paule hält sech ëmmer gär un d’Reegelen. Trotzdeem, gi si gutt eens. D’Anita ass ganz witzeg, an et ass schwéier 10 Minutte mat him ze sinn, ouni ze laachen. D’Anita kennt méi Wuertschatz op Englesch wéi eiergendeen am Land. D’Anita huet och ganz staark Meenungen iwwer Politik an vill anere Sujeten.

Elo musse mir dräi op Zoom eis treffen, mee et ass egal, well et mécht eis freet dat mir dat maachen kënnen.


Michele 18 Juli 2020

9 views