• dnash43

Meng Schwëster d'Marie-Paul



D’Marie-Paule ass e bësse wéi eng Bréck tëschent den Lëtzebuergescher an Amerikanescher Kultur.. Hatt war 13 joer al wéi meng Famill an Amerika geplennert sinn. Hatt huet en erstaunlecht Tagebuch iwwer der ganz Rees op Däitsch geschriwwen. Dës Rees huet iwwer zwou Woche gedauert. Mir si vu Rotterdam bis New York mam Croisiéresshëff gaang, e puer Deeg zu New York gewunnt, da mam Zuch op Kalifornie gereest. Eis Boma war mat eis komm, an ass fir 6 Woche dobliwwen fir op mech Uecht ze ginn. Ech hat just 3 Joer.

D’Marie-Paule huet viru vläicht 25 Joer d’ ganzt Tagebuch vun Däitch op Englesch iwwersat, an huet *d’Anita a mech, a sengen zwee Kanner d’Kopie ginn.. Wat eng Geschicht an esou schéin geschriwwen!

D’Marie-Paule war ëmmer als Kand brav, roueg, an ganz fläisseg**. Als Erwuessener ass hatt nach ganz Europäesch. Hatt schwätz nach mat enge klengen Accent. Hatt ka fléissend Franséische, Däitch an natierlech Lëtzebuergesch schwätzen. Hatt mécht vill fir dës Sproochen oprechterhalen. All Moies lauschtert hatt RTL. Hatt weess ëmmer wat zu Letzebuerg lass ass. Ech menge wéi ons Mamm gestuerwe ass, vermësst d’Marie-Paule d’Geleeëheet fir Lëtzebuergesch mat hir ze schwäzten.

D’Marie-Paule ass d’Historikerin an der Famill. Hatt huet e Virtrag iwwer d’Occupatioun vun d’ Nazien wärend dem Weltkich gemaach. Hatt war 7 Joer al wéi meng Famill ënnert der Occupatioun war. D’Marie-Paule huet nach d’ Dokument vun der Däitch Ännerung vu sengem Numm. Meng Famill huet wärend dëser Zäit zu Ettlebreck gewunnt. Ech war nach net gebuer, an d’Anita war just gebuer. Keng Kanner sinn erlaabt franséisch Nimm ze kréien, dofir ass d’Anita “Anita”genannt, an net “Josie” oder esou eppes.


Meng Hausaufgab ass elo zimmlech laang . Vläicht maachen ech nächst Kéier en zweete Kapitel.


Michele 5 Juli 2020


10 views