• dnash43

Meng Tatta Yvonne


D‘Madamm Ferdinand Jacques war meng Tatta Yvonne. Si war och meng Giedel. Meng Tatta Yvonne war menger Mamm hir eenzeg Schwëster.

Wéi mir an Amerika geplënnert sinn, ass jidereen aus menger Famill, ausser mengem Papp, menger Mamm an mengen zwou Schwësteren zu Lëtzebuerg bliwwen.

D’Tatta Yvonne an Monnie Fernand haten en Bouf, de Claude. Ech ka mech gutt erënneren datt hien mat mir gespillt huet wéi ech zéng Joer al war. Dat Joer hu mir de ganze Summer zu Lëtzebuerg gewunnt. Hien war vill méi al wéi ech, hien hat vläicht fofzéng Joer.

Tatta Yvonne sot ëmmer dat si nach een anert Kand gewollt hät.

Awer Si huet ëmmer geduecht datt dat net méiglech wär, well si wärend dem Krich esou verstéiert war, dat si keng Kanner kréie konnt.

Wéi de Claude siwenanzwanzeg Joer al war, gouf hien ganz krank. Mir wëssen net ob et Hodgkins Krankheet oder Pankreaskriibs war. Mir kënnen meng Tatta nie froen, wëll si dat einfach net verdréit. De Claude ass gestuerwen wéi hien nëmme siwenanzwanzeg Joer hat. Dat war d’grouss Tragedie vu menger Famill.

Virun Zwanzeg Joer ass meng Tatta krank ginn, an do wosst ech dat ech Lëtzebuergesch ërem léieren muss. Der Tatta Yvonne hiert Englesch war net gutt, mee ech wollt e bësse mat hir schwätzen.

Demols gouf et nach keng Skype Coursen, mä meng Schwëster, d’Marie-Paule, huet mir vill gehollef... Mäin Lëtzebuergescht war net ganz gutt, mä ech war ëmmer amstand liicht Lëtzebuergesch ze verstoen. Ech mengen d’Tatta Yvonne war ganz frou dat ech e bësse Lëtzebuergesch mat hir schwätzen konnt.

Ech hunn meng Tatta zwee Mol am Joer wärend fënnef Joer zu Lëtzebuerg besicht. Si ass Enn des Joers 1996 gestuerwen.


Michele 27 Abrëll 2020

6 views